Herrlech: Dräimol Kremart am Adventskalenner – Merci!

Hannert der Dierche vum 10. Dezember vum literareschen Adventskalenner 2015 vun der Initiativ “Freed um Liesen” hat sech d’Kannerbuch “De Poli an d’Maisy” vum Christiane Kremer (Text) an Aline Forçain (Ilustratiounen) verstoppt.

De 17. Dezember war eist Buch “D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack” drun, dat d’Christiane Kremer aus dem Italieneschen iwwersat huet.

An den 23. Dezember war “Den Elmar am Schnéi” drun …

De Motto vun deem Kalenner freet natierlech all Editeur: “Mir hu fir all Dag vun der Adventszäit e Kanner- oder Jugendbuch erausgesicht, dat ons besonnesch gefall huet.” Weider Infoen iwwert de literareschen Adventskalenner bei “Freed um Liewen” op Facebook.

De literareschen Adventskalenner vun der Initiativ “Freed um Liesen” gëtt et iwwregens och op Radio 100,7.

Déi ganz Rezensioune vu “Freed um Liesen” kann een nolauschteren op 100komma7 an noliesen op Facebook:

Villmools Merci fir déi flott Rezensiounen!!!

—– —– —– —– —– —–

An der Rezensioun vun “De Poli an d’Maisy” heescht et ënnert anerem:

Dës léif Geschicht vum Christiane Kremer erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft zwëschen zwee Déieren, déi zwar net wäit vuneneen ewech wunnen, mä déi sech vläicht ni begéint wären, wann se deen een Owend net anenee gerannt wären. An dëst klengt Mëssgeschéck ass den Unfank vun enger grad esou aussergewéinlecher, wéi och wonnerbarer Frëndschaft. Eng Frëndschaft, déi trotz allen Ënnerscheeder weist, datt d’Anescht sinn net wierklech muss en Nodeel sinn. Anescht si kann och heeschen: ee vun deem anere léieren an een deem aneren hëllefen, jidderee mat senge Fäegkeeten.
Déi detailléiert Aquarellbiller vum Aline Forçain sinn an zaarte Faarwe gehalen an illustréieren eng ganz Rei gemeinsam Momenter vum Poli a vum Maisy.

Dëst Buch wäert d’Kanner vun 3 Joer u begeeschteren.

freedumliesen

Weider Infoen iwwert “De Poli an d’Maisy”, dat iwwregens op der Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2015 war, gëtt et natierlech och hei op kremart.lu.

02
D’Aline Forçain, d’Christiane Kremer (riets) an hiren “De Poli an d’Maisy”. (Foto: Steve Müller)