Schlot en Zalto a sidd smart!

Zwou Liesungen, véierzéng Auteuren: Den 18. Mäerz zu Greiweldeng an den 22. Mäerz zu Rued/Sir

Zäitgenëssesch Literatur aus Lëtzebuerg gëtt et op zwee faarwege Lies-Owenter mat allkéiers siwen Auteuren am Oste vum Land:

LiesungA1-Greiweldeng
Um Freideg, 18. Mäerz um 19.30 Auer zu Greiweldeng am Haus „An Zammer“ (4, op der Baach; am Eck beim ronne Bur an der Mëtt vum Duerf) liest de Jean Back aus sengem Monologe-Buch „Zalto mortale“ an aus de klenge Smart-Novelle liesen: Christiane Kremer (De Wierdermoler), Vesna Andonovic (Zëmmer Nummer fënnef), Julie Vinandy-Schmit (Magnificat), Alain Atten (D’Kuebennascht), Luc Marteling (iPremier) a Christiane Ehlinger (‘t ass d’Liewen!). Organisateur ass d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Stadbriedemes, Parkméiglechkeete gëtt et am Schoulhaff.

LiesungB1-Rued
Um Dënschdeg, 22. Mäerz um 20 Auer zu Rued/Sir an der aler Kierch liesen dann déi aner siwen Auteure vun de bis elo 13 Smart-Bichelcher: Claude Schiltz (De Schnéihues), Diane Neises (Weidermerciäddinächsten), Yorick Schmit (Paenitentia), Tom Decker (D’Tilly), Josiane Kartheiser (Gees de mat?), Bob Kieffer (Roswell) a Jemp Schuster (13, Waassergaass). Organisateur hei ass d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Betzder.

Fir béid Liesungen ass den Entrée fräi, eng Umeldung ass net néideg. All d’Bicher si bei Kremart Edition erauskomm an an de Librairien ze kréien. Am Juni gëtt d’Serie „Smart Kremart“ fortgesat. Weider Infoen op kremart.lu.

Liesowend_2_flyer