Tony Ross @ Kremart Edition

Den TONY ROSS ass bei Kremart Edition gelant! En Vue vum internationale Kannerbuch-Dag den 2. Abrëll stelle mir direkt 2 Bicher vum Tony Ross vir: en neit Wierk an e Klassiker!

D’Buedwaassa-Monsta ass déi genial Geschicht vum Mathis a vum Tunn, déi näischt léiwer maache wéi sech dreckeg a knaschteg. An da musse si an d’Bidden. Ma hues du dech schonn eng Kéier gefrot, wou dat knaschtegt Waasser aus der Bidden hileeft? D’Buedwaassa-Monsta schluppt et natierlech! Dat ass säin Zweetliiblingsiessen a kee wëll wëssen, wat et am léifste frupst … De Luc Marteling war direkt mega begeeschtert vun dëser Geschicht vum Colin Boyd an Tony Ross an huet se prompt iwwersat. ISBN 978-99959-39-32-8, 28 Säiten, 12,95 Euro.

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett! Déi kleng Prinzessin wëll net an d’Bett. Nodeems se e puer Mol opgestanen ass, ginn de Kinnek an d’Kinnigin ganz streng an d’Prinzessin geet wierklech schlofen. Mä wéi de Kinnek nach eemol kucke geet, fir gutt Nuecht ze soen, ass d’Bett erëm eidel! Wou kann déi kleng Prinzessin nëmme sinn? 1986 huet den Tony Ross déi éischt Geschicht vun der klenger Prinzessin erausbruecht. Déi ass véier Joer al a wunnt mat hiren Elteren a mam ganzen Haff an engem Schlass. Fir hiren 30. Gebuertsdag huet d’Christiane Kremer der klenger Knätzel Lëtzebuergesch bäibruecht. ISBN 978-99959-39-61-8, 28 Säiten, 12,95 Euro.

(Am Hierscht kënnt nach eng zweet Geschicht vun der Prinzessin op Lëtzebuergesch eraus: “Déi kleng Prinzessin: Ech si krank!”)

Bett_Buedwaassa_Covers