“Den Elmar an d’Walen” zu Jonglënster virgestallt

Den Elmar a säi Koseng Willy wëllen op d’Plage d’Wale kucke goen. Ma hir Rees gëtt vill méi opreegend, wéi si geduecht hunn. Um Enn dreiwe si eleng a verlooss matzen um Mier. Kënnen d’Walen hinnen hëllefen, nees u Land ze kommen?

Liesung-Lenster-Elmar-Walen

“Den Elmar an d’Walen” ass ewell déi 7. Aventure vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant, déi de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Virgestallt gouf si um Samschdeg, den 28. Mee zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik. An déi war struppevoll! MERCI fir Äert Kommen 🙂

image-01.jpeg

Nieft dem neien Elmar goufen och nach vill aner Geschichte virgelies: “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!”, “De Schudder-Schusch”, “Lalumi” an “Den Elmar an d’Monster”.

image.jpeg

Déi nächst Liesung zu Jonglënster ass um Samschdeg, 25. Juni um 10h30 nees am Centre culturel “am Duerf” (8, rue du Village). Da stinn um Programm: “D’Buedwaassa-Monsta”, “Den Elmar an dee grousse Vugel”, e Buch mat Plooschteren (Blosen, tréischten, Plooschter drop”) an aner Geschichten … An och déi Kéier ass den Entrée nees fräi an et ass Maart virum Kulturzenter.

image-03.jpeg