De Mëttwoch gëtt SMART!

Léif Frënn vum Aquatower a vun der Literatur, sidd derbäi, wann déi 4 nei Bichelcher aus der Serie Smart-Kremart virgestallt ginn! Déi 4 Auteure ginn all e kuerzen Extrait zum Beschten:

Smart 14: Luc Belling: An elo mol … op Lloret!
Smart 15: Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongrüstung
Smart 16: Karin Goedert: Maacht mir keen Ouer!
Smart 17: Nico Helminger: Flakka

Smartbooks_14_15_16_17_2

Duerch den Owend féiert d’Christiane Kremer.

Smart_01-17_long

Rendez-vous um Mëttwoch, 15. Juni vun 19 Auer un am AQUATOWER zu Bäerdref.

Mat Patt an Agape! Fir 18Euro pro Persoun (Entrée Aquatower a Kaddo inclus).

Et si just nach e puer Plaze fräi, dofir mellt Iech séier un
um Tel. 26 78 40 05 (tëscht 14 an 18 Auer) oder per E-Mail op aquatower@berdorf.lu

Be smart! Be a part!

Foto: Guy Berchem/Aquatower

Foto Header-Bild: Jos Nerancic