Kremart goes CNL: 3 x Smart + André Mergenthaler

En Dënschdeg, 20. Juni um 19.30 ass et esou wäit: Am “Centre national de Littérature” zu Miersch ginn dann déi 3 lescht Smart-Bicher virgestallt! Kommt laanscht, den Entrée ass gratis, jidderee kritt e Souvenir an et gëtt och net just gelies, well um Cello spillt den André Mergenthaler!

andre_m

Den Ofschloss vun der Serie “Smart Kremart” maachen:

SMART 18: “Fuck” – D’Gintare Parulyte erzielt vun den Erwaardungen an Enttäuschunge vun enger jonker Fra.

SMART 19: “Tunnel of Love” – D’Jackie Messerich féiert de Lieser mat engem zerrapptenen Ziedel op méiglech Libesweeër.

SMART 20: “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?” – De Jean-Paul Maes versetzt eis an d’Haut vun engem Mann am beschten Alter.

Smartbooks_18_19_20_locker-

Am Télécran schreift d’Uli Botzler iwwert d’Smart-Bicher:

smart181920_telecran Smartbooks_01-20_streng_1_R

Hoffentlech e gutt Omen ass, datt op der Bestseller-Lëscht vum Mee dat éischt Smart-Buch, “De Wierdermoler” vum Christiane Kremer, op eemol nees ganz uewe steet 🙂

1_Wierdermoler_Cover

 

f93490e83666fbfcb4220de4c3b

Hei déi komplett Serie op ee Bléck:

Smartbooks_01-20_locker_3_R