“Die verflixte Nummer 6”

D’Serie “Smart Kremart” ass jo antëscht komplett, déi 20 Bänn sinn do!

Aldus_leaf.svg

Wann ee se niefteneen hält oder stellt, lénks Nummer 1 a riets Nummer 20, dann entsteet duerch déi eenzel Ausschnëtter um Réck vun de Bicher e Blat, dat e bëssen un Efeu erënnert an esou ausgesäit wéi en Häerz – et ass en ALDUSBLAT!

IMG_0958

Leider gouf et beim Buch Nummer 6, “D’Kuebennascht” vum Alain Atten, an der éischter Oplo e Problem: Do war dee falschen Ausschnëtt drop! (An zwar dee vum Buch Nummer 8 amplaz dee vun der Nummer 6.)

IMG_0960

 

Mir hunn dat awer natierlech direkt verbessert – esou datt et elo och RICHTEG Nummer-6-Bicher ginn, also där mam richtegen Ausschnëtt (op der Foto hei driwwer uewen ze gesinn).

IMG_0956

Wien also déi 20 Bicher huet a se beienee setzt, fir och d’Aldusblat ze gesinn an ze genéissen, dee ka sech bei eis, also direkt beim Verlag KREMART EDITION, eng nei Nummer 6 ufroen, fir datt d’Harmonie an der Serie och um Réck impeccabel ass – esou wéi op der Foto drënner 🙂

IMG_0957

… a fir dem Alain Atten säi Kuebennascht-Krimi voll z’appreciéieren, ouni rout ze gesinn 😉

IMG_0955

Hoffentlech näischt fir ongutt!