3 X SMART: Bëlleg. Ettelbréck. Walfer.

Am Juni gouf d’Smart-Serie mat de Bichelcher Nummer 18, 19 an 20 ofgeschloss, dofir ginn d’Auteuren elo am Hierscht nach eemol esou richteg op den Tour. Wann Iech déi butzeg Bicher gefall hunn an Dir Loscht hutt, eemol op engem smarte Smart-Owend derbäi ze sinn, dann hei 3 Rendez-vouse fir virzemierken:

Ëmmer en aneren Auteur, ëmmer eng aner Faarf, ëmmer eng aner Story, awer ëmmer op Lëtzebuergesch – dat ass d’Serie Kremart mat 20 spannende Kuerzgeschichten … erlieft se!

1) Samschdeg, 23. September um 19 Auer zu Waasserbëlleg:

D’Musel-Sauer-Mediathéik organiséiert eng literaresch-kulinaresch Soirée am Centre Culturel zu Waasserbëlleg.

Smart_Waasserbëlleg

Et liesen:
Smart 8: Luc Marteling – “iPremier”
Smart 9: Tom Decker – “D’Tilly”
Smart 10: Josiane Kartheiser – “Gees de mat?”
Smart 11: Bob Kieffer – “Roswell”
Smart 12: Christiane Ehlinger  – “‘t ass d’Liewen”
Smart 20: Jean-Paul Maes – “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?”

Et kacht:
Joël Schaeffer aus dem Restaurant Schaeffer zu Mäertert
Menü: Zwiwwelszopp – Choucroute garnie alsacienne – Apfelstrudel

Et kascht:
Entrée: 15 Euro – mat Iessen: 50 Euro
Reservatioun obligatoresch bei der “Deutsch-Luxemburgische Tourist-Information” (Tel. +49 6501 602 666).
Definitiv Reservatioun duerch d’Iwwerweise vun der Zomm bis de 15. September (15 oder 50 Euro) op de Kont vun der Musel-Sauer Mediathéik Waasserbëlleg LU02 0019 2255 4378 0000 (BCEELULL).

Weider Infoen: www.msm.lu – info@msm.lu – Tel.: +352 26 74 04 27

 

2) Den Donneschdeg, 19. Oktober zu Ettelbréck an der Bibliothéik:

Um 19.30 Auer gëtt et SMART an der Ettelbrécker Bibliothéik (9, Place de la Libération, L-9060 Ettelbruck). Et trieden op:

Smart 13: Jemp Schuster – “13, Waassergaass”
Smart 15: Tullio Forgiarini – “De Ritter an der Kartongsrüstung”
Smart 16: Karin Goedert – “Maacht mer keen Ouer”
Smart 18: Gintare Parulyte – “Fuck”
Smart 19: Jackie Messerich – “Tunnel of Love”

Den Entrée ass fräi!

Weider Infoen: Tel. 26 81 15 32, bibliotheik@ettelbruck.lu, www.ettel-biblio.lu oder hei:
https://www.facebook.com/ettelbreckerbibliotheik/

Smart_Ettelbréck

3) De Sonndeg, 19. November 2017 zu Walfer op de Walfer Bicherdeeg:

Natierlech dierfen d’Smart-Bicher net op deem Bicher-Rendez-vous feelen! Um Sonndeg de Mëtteg tëscht 14 a 15 Auer zerwéieren Iech dës 4 Auteuren hir Geschichten – nieft dem Tullio Forgiarini sinn och d’Auteure vun den dräi leschte Smartien derbäi. Den Entrée ass fräi, avis aux amateurs:

Smart 15: Tullio Forgiarini – “De Ritter an der Kartongsrüstung”
Smart 18: Gintare Parulyte – “Fuck”
Smart 19: Jackie Messerich – “Tunnel of Love”
Smart 20: Jean-Paul Maes – “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?”

Smart_Walfer

Allkéiers ginn et d’Smart-Bicher ze kafen an natierlech gi si och vun den Auteure signéiert.

Iwwregens: Hutt Dir schonn Är SMART-Box, schwaarz oder wäiss, wou déi 20 Bichelcher dra passen?

Smart_Schuber