Bestseller? Respekt!

Och déi 3 lescht Smart-Bicher schénge gutt unzekomme bei de Lieser! Zanter hirer Parutioun am Juni hu si eng fest Plaz op der Bestsellerlëscht, déi all Mount erauskënnt: Smart 18, Smart 19, Smart 20 sinn elo schonn dee véierte Mount hannerenee dorop vertrueden – Juni, Juli, August, September! Hei – als Beweis – d’Bestsellerlëscht vum Mount September:

D’Smart-Buch Nummer 18, FUCK vum Gintare Parulyte, huet esouguer d’Konschtstéck fäerdegbruecht, scho fir d’véiert hannerenee op der 1. Plaz ze stoen. Chapeau 🙂

Hei déi Bicher, déi d’Smart-Serie ofgeschloss hunn … an esou gutt ukommen nach eemol am Iwwerbléck:

Smart 18: Gintare Parulyte – “Fuck”
Smart 19: Jackie Messerich – “Tunnel of Love”
Smart 20: Jean-Paul Maes – “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?”

A wat eis genee esou vill freet, heiansdo packt och nach ee méi en aalt Smart-Bichelchen op d’Lëscht 🙂

Am September war zum Beispill de Luc Belling mat “An elo mol … op Lloret!” (Smart 14) drop vertrueden, am Juli war et d’Christiane Kremer mat hirem “Wierdermoler” (Smart 1).