Walfer Bicherdeeg: Merci … bis an engem Joer!

D’Bicherdeeg si gelaf a si ware flott: MERCI Iech allen – allen, déi do waren, allen, déi eis e Feedback ginn hunn, a besonnesch der Walfer Gemeng!

No zwee intensiven Deeg war um Sonndeg den Owend, géint 20 Auer, alles geraumt oder, fir am Buchjargon ze bleiwen: d’Blat gebotzt!

… et war: S M A R T 🙂

Hei e klengt Bild aus der Smart-Liesung am CAW mat Jackie, Gintare, Tullio a Jean-Paul, dee vu vir, déi aner 3 vun hannen (Smart 15, 18, 19, 20).