14. Januar zu Mamer: E literareschen Apero fir den 80. Gebuertsdag vum Josy Braun

Dëse 14. Januar wier ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren 80 Joer al ginn. De Josy Braun, deen den 3. August 2012 am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass, huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretstexter, Gedichter, Héierspiller … Seng Handschrëft a seng Fieder bleiwe lieweg a senge ville Publikatiounen, a sengem Engagement fir d’Lëtzebuerger Sprooch an a senger minutiéiser Recherche-Aarbecht.

Un Hand vun Extraiten aus senge Wierker ënnerhale sech d’Christiane Kremer, de Claude Mangen an de Jay Schiltz iwwer de Schrëftsteller a Linguist, den Theaterauteur an Acteur, de Journalist a Kabarettist bei engem literareschen Apero am Pavillon “Am Brill” zu Mamer e Sonndeg, de 14. Januar 2018 um 10.30 Auer. Den Entrée ass fräi.

Fir dëse besonnesche Gebuertsdag ze feieren, proposéiert de Verlag Kremart Edition de Roman “Bommenteppech” iwwert d’Bommeleeër-Affär (Neioplo 2014) an de posthume Krimi “Armagnac” (2013) zesumme fir nëmme 25 Euro (amplaz vu 50).

Dem Josy Braun seng Fra Josée Klincker proposéiert hirersäits zu Mamer e sëlleche Bicher vum Auteur mat Remisen:

1) 3 Kannerbicher zesummen fir 30 € (amplaz 45):

Numia
D’Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach
Déi véier Kaze vun der Millen

2) Dës 3 zesumme fir 40 € (amplaz 60):

Feierowend
Duerch d’Blieder geet en Trëmmelwand
Uuchteblummen

3) An dës 3 zesumme fir 40 € (amplaz 60):

Pontelach
De franséischen Doud vum Oscar Messidor
Meewäin

 

4) An dann nach dës Offer:

“Keen Däiwel méi, deen nach Herrgotte keeft” – fir 30 € (amplaz 44)

D’Josée Klincker mam Josy Braun sengem posthume Krimi “Armagnac” – Foto: Tom Poull