Wann et kee Wuert gëtt, dann zwaff der eent :-)

Wéi mir fir iwwerem Iwwersetze vun engem pedagogesche Billerbuch vu Ravensburger no engem lëtzebuergesche Wuert fir “Gabelstapler” gesicht hunn, hu mir den Alain Atten ëm Hëllef gefrot an hunn eis du fir “Gafeltässeler” entscheet. Awer mat den Alternativen: Gabelstaapler a Clark 🙂

Dat ass de Virdeel, wann een an enger Sprooch ënnerwee ass, déi nach ëmmer am Op- an Ausbau ass … a wann dann d’Serie vun deene véier klenge Bicher och nach “Sichen a fannen!” heescht …

Weider Informatiounen iwwer dëse flotte Set mat 4 Bicher a ville Wierder op Lëtzebuergesch gëtt et hei!

Wéi ee gesäit, mat dëse Bësel-Bicher ass ewell gebëselt ginn …