Fir d’Walen: Moolt eis Walen am Elmar-Look!

A genee engem Mount gëtt zu Lëtzebuerg gewielt, de 14. Oktober si Walen. Walen? Jo, Walen! Déi, bei deenen ee wielt, an déi, déi schwammen, kann een elo d’selwecht schreiwen – an zwar ouni h. Natierlech geet och nach ëmmer déi al Variant mat h. (Weider Detailer op www.lod.lu, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire.)

Eng Verwiesselungsgefor tëscht de Walen (an der Kabinn) an de Walen (am Waasser) besteet kaum, dofir ass de Kontext einfach ze ënnerschiddlech …

… ma Wale sinn net onbedéngt Walen!

A fir d’Walen ze feieren, lancéiere mir e klenge Wal-Concours fir Kanner: Ënnert an deenen, déi eis bis de 14. Oktober (23h59) Walen am Elmar-Look molen, fotograféieren an op kontakt@kremart.lu mailen, verlouse mir 3 Mol 3 Elmar-Bicher! Op de Biller kann ee Wal sinn oder direkt e puer Walen. Präisser:

1. Den Elmar an d’Walen, den Elmar an d’Course an den Elmar an de Reebou

2. Den Elmar an d’Walen, den Elmar an d’Iwwerschwemmung, den Elmar an de Päiperlek

3. Den Elmar an d’Walen, den Elmar an dee Grousse Vugel, den Elmar an de Super El

D’Konschtwierker vun de KANNER (ënner 10 Joer) einfach offotograféieren a mailen op kontakt@kremart.lu. Virum 14. Oktober Hallefnuecht. D’Gewënner gi vum Verlag gewielt a ginn och op kremart.lu an op Facebook publizéiert. Natierlech ginn d’Gewënner vun eis kontaktéiert, dofir vergiesst w.e.g. net, e Kontakt an der Mail unzeginn.

Detailer iwwer “Den Elmar an d’Walen” fannt Dir hei.

Den Iwwerbléck iwwer all d’Elmar-Bicher op Lëtzebuergesch gëtt et hei.

VILL SPAASS, VILL ERFOLLEG … a wielt gutt!