“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti virgestallt

“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti gouf en Dënschdeg 5.11.2109 offiziell am Café Gudde Wëllen an der Stad virgestallt. Op der Buchmesse gouf dem Romain Butti säi literareschen Debut presentéiert an diskutéiert. Elo war et héich Zäit, dat och zu Lëtzebuerg ze maachen. Nom Theaterstéck “Fir wann ech net méi kann”, mat deem hien den nationale Literatur-Concours 2018 gewonnen huet, ass d’Erzielung “Ein Jahr in Berlin” déi éischt Publikatioun vum jonken Auteur.
De Romain Butti huet aus sengem Wierk gelies an op d’Froen vun den intresséierten Nolauschterer geäntwert.
Derbäi d’Ekipp vu Kremart an d’Myriam Welschbillig, dat fir d’Lektorat an d’Korrektur zoustänneg war.
E flotten Owend fir den Auteur, fir d’Myriam Welschbillig, dat wéi ëmmer zoustänneg war fir Lektorat a Korrektur, a fir d’ganz Ekipp vu Kremart.

“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti ass déi 7. Publikatioun an der Serie Kanephora vu Kremart Edition.

Ein Jahr in Berlin
Text: Romain Butti
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Tom Schartz – Presss sàrl
ISBN 978-99959-39-47-2
98 Säiten, 19,95 Euro