Kanephora 6: Alle véierzéin

Den Donneschdeg, 22. Februar 2018 war et esou wäit: Den Alain Atten, landbekannt als RTL-Sproochmates, krut 80 Joer! Gefeiert gouf awer och schonn den Dag virdrun, well um Owend vum 21. Februar gouf zu Buddeler an der klenger Kierch säin neiste Buch virgestallt:

“Alle véierzéin” heescht seng Novell, déi vum Luana Maggipinto illustréiert gouf a fir déi den Tom Poull d’Fotoe gemaach huet. De Layout ass vum Tom Schartz vu Presss. “Alle véierzéin” ass de sechste Band an der Serie “Kremart Kanephora”, der neier Bibliothéik vu Kremart Edition.

Wat d’Jeanne d’Arc zu Bäerbrech (Bäerbuerg) mécht, dat weess seng Frëndin um Schlass an nach een, deen am Gaang ass, den Altor vun de véierzéin Nouthelfer ze schnëppelen. De Sproochmates kiert all d’Spläiteren zesummen, déi dobäi ewechfueren. Seng Zäitrees geet vun der Meuse bis op d’Musel (1425-1436). Si bleift an der Sprooch vun der Géigend: Déi Novell hei vum Alain Atten huet Miseler Sprooch!

Iwwert d’Buch

1436 – Den Nickela op der Bäerbrecher Buerg dreemt sech hannescht an déi Zäit, wou en nach de Colinot war. Iwwerdeems en déi véierzéng Nouthelfer schnëppelt, kommen em d’Kandsdeeg op der Meuse erëm. Wéi en am 100-järege Krich hondkrank zu Neufchâteau am Schapp trëllt, rennt en op eemol am Féiwer zur Paart aus a bleift op der Landstrooss leien. Eng lëtzebuergesch Kréimerkoppel reeft en op, hëlt e mat op Toul a vun do op engem Muselnaache bis op d’Bëlleger Spatz an heem op Bäerbrech (Bäerbuerg). Ma déi zwee Kréimerleit drénke sech dout aus zwéi Pätt Viz an hie soll se vergëft hunn. E Gléck, datt d’Schlassfra fir e biergt. Si kritt e fräi a léisst en d’Tuerwuecht maachen. Iwwert der Schnëtzelaarbecht fir en Hellegenaltor fënnt en eraus, wien em un d’Liewe wëllt. Déi Helleg alle véierzéng pake mat un …

Alle véierzéin
Text: Alain Atten
Illustratiounen: Luana Maggipinto
Fotoen: Tom Poull
Layout: Tom Schartz – Presss sàrl
ISBN 978-99959-39-46-5
240 Säiten, 19,95 Euro

Weider Bicher vum Alain Atten bei Kremart Edition:
eng Iwwersetzung an eng Smart-Kuerzgeschicht

Alain Atten
Max a Miz – Dem Wilhelm Busch seng Bouwegeschicht »Max & Moritz« op Lëtzebuergesch
Grousst Format, haart Deckelen, Hallefléngen a mat Audio-CD
ISBN 978-99959-830-9-3
72 Säiten, 22 Euro

Alain Atten
D’Kuebennascht
Smart-Buch Nummer 6
ISBN 978-99959-39-02-1
36 Säiten, 2,99 Euro

Smart 06: Den Alain Atten huet mat sengem Kuebennascht e Krimi geschriwwen, deen et a sech huet. Wéi beim Kiebchen an der Griecht alles an d’Luucht flitt, ginn de Béier an de Bier mat der Enquête chargéiert. Déi féiert déi zwéin zolidd Hannermänner vun der Police bis an den Himalaya an en Nascht hannert den Äisbierger. Een typeschen Atten a senger onverwiesselbarer Sprooch.