Buck tu gou: Bichelcher 4 a 5

“Buck tu gou” oder: eng Taass Literatur fir matzehuelen!

D’Suite vun der Serie “Bucktugou” (“Hot Coffee”, also fir Grousser, “Hot Chocolate” ass fir déi Kleng) geet weider:

Nummer 4 “Eleng ënner villen” vum Danielle Schartz an Nummer 5 “Accord(éon)” vum Christiane Kremer

D’Geschichte sinn ideal, fir se tëschenduerch bei enger Taass Kaffi oder engem Schocki ze genéissen … oder elo am Summer bei engem Aperitif oder Cocktail fir e kuerze literaresche Break – et brauch een nämlech just e puer Minutten, fir se ze liesen. D’Liesdauer steet dann och um Cover. De Präis: 1 Euro.

Danielle Schartz: Eleng ënner villen
Nodeems seng Schwëster Hope op d’Welt komm ass, huet sech am Samira senger Famill op ee Schlag alles geännert.
Buck tu gou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-54-6, 1 Euro

Christiane Kremer: Accord(éon)
Ëmmer, wann et Musek héiert, fillt d’Jacqueline sech esou liicht. Selwer kënne Musek maachen, dat ass säin Dram, mä kuerz nom Krich hu se doheem aner Suergen.
Buck tu gou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-55-3, 1 Euro

Schonn erauskomm an der Serie:

Josy Braun: Zwéi Meter virun der, Martin!
Buck tu gou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-51-5, 12 Säiten, 1 Euro

Christiane Kremer: An engem Zuch
Buck tu gou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-52-2, 16 Säiten, 1 Euro

Luc Marteling: Féiwer
Buck tu gou – Hot Chocolate by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-53-9, 8 Säiten, 1 Euro