Déi nei Serie TIMBA: Bicher 1 bis 5

It’s TIMBA-Time: De SMART-Nofolger ass do, direkt 5 Bichelcher op eemol!

Hei geet et bei d’Fotoe vun der Buch-Virstellung am Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch. Impressioune vun engem gemittlechen Owend vum Domingos Oliveira. Presentéiert goufen d’Kuerzgeschichten den 11. Juli 2018, wat iwwregens de 5. Gebuertsdag vu Kremart Edition war.

1) Marc Wilwert: De groe Star
ISBN 978-2-919781-01-0

Huet hie säin Noper ëmbruecht oder net? De Star vun dëser Geschicht ass e passionéierten Amateurfotograf, dee sech verdächteg mécht, well e keen Alibi huet. En Alibi huet en net, well en net gesi gëtt. A gesi gëtt en net, well en net op Facebook ass. E geréit ellen an d’Laberenten an zweiwelt souguer u senger eegener Existenz, esou staark ass d’Muecht vun de Biller: Kann ee sinn, ouni gesinn ze ginn?

2) Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii
ISBN 978-2-919781-02-7

Hie war op eemol einfach do. An op eemol einfach net méi. Mä wat huet en an deenen zwee Joer dertëscht gemaach? Wie war hien iwwerhaapt? Vläicht wier et awer derwäert gewiescht, de Mats besser kennenzeléieren. Dat denkt elo jiddereen, ma elo ass et ze spéit. Elo bleiwe just d’Wolleken iwwer Hawaii.

3) Catherine Gitzinger: De Bam
ISBN 978-2-919781-03-4

Et fänkt u mat engem wäissen Hoer. Mä wier et gutt e wäisst Hoer. Dat, wat do um Änder sengem Kapp wiisst, ass eppes ganz anescht. A seng Fangeren huelen op eemol och ongewéinlech Formen un. Wat geschitt do grad mat him? Eng kafkaesk Geschicht vun der Musel, bei där ee vun elauter Bam um Enn den Änder net méi gesäit.

4) Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer
ISBN 978-2-919781-04-1

Mat 30 Joer schonn e Bilan zéien? Wat huet een opweises als jonk Fra? Wat erzielt ee beim Konveniat, wann déi aner all vun hirem Auto, hirem Job, hirem Partner, hire Kanner schwäermen? Besonnesch wann dat engem säi Liewenszil bis dohi guer net war. Souwisou, wann et op eemol un dat Liewegt geet, änneren d’Ziler ganz séier …

5) Luc Marteling: Den nationale Wollef
ISBN 978-2-919781-05-8

Ass et wouer? Dat kann dach net sinn! Ma et ass kee Witz, et ass eng eescht Geschicht: De Wollef ass nees do! Also hei! Sou e Béischt am klenge Grand-Duché beschäftegt natierlech och déi grouss Politiker. Wat een dobäi net alles gewuer gëtt – voll krass! E Pas de deux fir den Icksbee an den Effbee. Oder einfach e Sketch anno 2018. Aaauuuuuuu…

                         All Bichelchen huet 40 Säiten a kascht 4 Euro.

                                   De Lektorat ass vum MYRIAM WELSCHBILLIG.

                                             De Layout ass vum SACHA HECK (mediengestalter.lu).

                                                       A gedréckt goufen d’Bicher bei der REKA zu Éilereng.