D’Smart-Bicher 14, 15, 16 a 17

D’Serie dierft antëscht bekannt sinn a well déi kleng Bichelcher esou praktesch sinn och fir ënnerwee, sinn elo pénktlech vrun der Summervakanz véier nei Smart-Bicher erauskomm. Am Aquatower zu Bäerdref mat senger herrlecher Kuliss goufe se, bei beschtem Wieder, virgestallt – hei geet et bei d’Fotoe vum Steve Müller.

D’Auteure virum Aquatower (v.l.n.r.): Nico Helminger (Smart 17: Flakka), Karin Goedert (Smart 16: Maacht mir keen Ouer!), Hermann Fuchs, Illustratiounen, an Tullio Forgiarini, Text (Smart 15: De Ritter an der Kartongsrüstung), an de Luc Belling (Smart 14: An elo mol … op Lloret!). Foto: Steve Müller

 

Mat de 4 neie Smart-Bicher gëtt et der elo scho 17, bei 20 ass d’Serie komplett. Dofir op dëser Plaz direkt emol en décke MERCI un de Focuna, de Fonds Culturel National, dee bis elo all Smart-Buch ënnerstëtzt huet. An e Merci der Mim Feitler Immobilière an Opti-Vue, déi d’Bicher 14 bis 17 subventionnéiert hunn.

220

 

Hei déi véier nei Kuerzgeschichten am Kuerzportrait:

Smart 14 – Luc Belling: An elo mol … op Lloret! (ISBN 978-99959-39-14-4)

Wat geet engem Primaner, dee grad säi leschten Exame geschriwwen huet, alles duerch de Kapp? Den 19 Joer ale Sam verréit eis et. Hien ass am Gaangen, ee Kapitel zouzemaachen an een neit opzeschloen. An en ass vu sech iwwerzeegt: Zefridde kuckt en no hannen a rechtfäerdegt sech. Hoffnungsvoll bléckt en no vir a gesäit seng Méiglechkeeten. Hie weit of, erwaart sech vill a bastelt grouss Pläng. Ma fir d’alleréischt geet et elo mol nach … op Lloret!

Smart 15 – Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongsrüstung (ISBN 978-99959-39-15-1)

Wann de Kewen engem Draach begéint ass, huet hie säi Schwäert néiergeluecht an ass op den Draach zougaangen. Mä net ze no, well seng Rüstung war jo aus Kartong. An als Ritter begéint een net nëmmen Draachen … Eng Geschicht fir kleng a grouss Lieser – mat sëlweregem Cover a mat Illustratioune vum Hermann Fuchs aus dem Iechternacher Lycée.

Smart_14-17

Smart 16 – Karin Goedert: Maacht mir keen Ouer! (ISBN 978-99959-39-16-8)

Lo ass et schonns erëm de 15. September: Den Dram vun dausende vu Kanner, Jofferen a Schoulmeeschtere geet deen Dag op en Enn, den Dram vun dausende vun Eltere geet deeselwechten Dag an Erfëllung. Dovu kënnen Dechargeusen e Liddche sangen! Dëst hei ass eent voller Selbstironie iwwer den Tunni Téinert, dee berüchtegten Zykel- 4-Virus a ganz vill Ouereschmalz.

Smart 17 – Nico Helminger: Flakka (ISBN 978-99959-39-17-5)

Esch-la-mauvaise, sot de Fuzz. Daesch-sur-Alzette, sot de Mayo. An deem Zoustand, wou dës Stad ass, ass hei alles erlaabt, sot de Fuzz, deen erausfonnt huet, datt den Anagramm vun Esch/Alzette “letzte Asche” heescht … Et flackert a flakkat an dëser däischterer Dystopie vum Nico Helminger. Daucht dran an, wann Der Iech traut.

Hei d’Smart-Bicher vun 1 bis 13 entdecken!

Smart_01-17_long
img-logo-4
De Focuna ënnerstëtzt d’Serie Smart Kremart by Kremart Edition

All Smart-Buch huet 36 Säiten a kascht 2,99 Euro. Si sinn all nach ze kréien, de Band 1, „De Wierdermoler“ vum Christiane Kremer, kënnt elo an drëtter Oplo eraus. Hei den Iwwerbléck:

1) Christiane Kremer: De Wierdermoler
2) Claude Schiltz: De Schnéihues
3) Vesna Andonovic: Zëmmer Nummer fënnef
4) Diane Neises: Weidermerciäddinächsten
5) Julie Vinandy-Schmit: Magnificat
6) Alain Atten: D’Kuebennascht
7) Yorick Schmit: Paenitentia
8) Luc Marteling: iPremier
9) Tom Decker: D’Tilly
10) Josiane Kartheiser: Gees de mat?
11) Bob Kieffer: Roswell
12) Christiane Ehlinger: ’t ass d’Liewen!
13) Jemp Schuster: 13, Waassergaass
14) Luc Belling: An elo mol … op Lloret!
15) Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongsrüstung
16) Karin Goedert: Maacht mer keen Ouer!
17) Nico Helminger: Flakka

Hei d’Smart-Bicher vun 1 bis 13 entdecken!

Smart_01-17

Smart @ Journal

Smart-Journal-1

Am Lëtzebuerger Journal huet de Samuel Hamen iwwert d’Virstellung vun de Smart-Bicher am Aquatower geschriwwen 🙂

Hei geet et bei den Artikel op dem Site vum Journal:
http://www.journal.lu/top-navigation/article/veier-bicher-an-enger-360-landschaft/

Smart-Journal-2