Smart-Bicher 1-13

Faarweg, faszinant an op Lëtzebuergesch: Mat de Geschichte vu Bob Kieffer, Christiane Ehlinger a Jemp Schuster klëmmt d’Zuel vun de Smart-Bicher op 13! Natierlech sinn nach all d’Nummeren ze kréien, och wann déi 4 éischt Kuerzgeschichten – „De Wierdermoler“ vum Christiane Kremer, „De Schnéihues“ vum Claude Schiltz, „Zëmmer Nummer fënnef“ vum Vesna Andonovic an „Weidermerciäddinächsten“ vum Diane Neises – schonn hu mussen nogedréckt ginn …

Wourëms geet et an de smarte Geschichten?

SmartCovers_5

Smart 01: D’Christiane Kremer hëlt Iech a sengem Wierdermoler mat op e Spadséiergank an e Park, wou Dir d’Sonndesjoggerin an de Laptopmann kenneléiert. Eng wonnerbar douce Libesgeschicht mat oppenem Schluss mécht den Optakt vun der Smart-Serie.

Smart 02: D’Claude Schiltz erzielt am Schnéihues mat vill Selbstironie vu senger éischter Schivakanz, déi een eenzege Fiasko war: „Eppes ass sécher, ech si kee Schnéihues a wäert an dësem Liewen och kee méi ginn.“ Ob d’Schier hirer Léift am Wee stoungen?

Smart 03: D’Vesna Andonovic schéckt de Lieser am Zëmmer Nummer fënnef op e psychedelesch-intellektuellen Trip op enger Aachterbunn mat Fibonacci-Arrêten. Si selwer dréckt et esou aus: „Den Herrgott, ech an e Fuerz, dee queesch sëtzt. Tréischt Dech, ech hunn och nach net verstan, wéi all déi Saachen zesummenhänken.“

Smart 04: D’Diane Neises stellt Iech a Weidermerciäddinächsten d’Cappelletti-Bridder vir, mat deenen den Ech-Protagonist Fränz zesummen d’Artnapping SA gegrënnt huet. Hire Businessmodell: Si tausche Biller aus, well ausseruerdentlech economesch Ëmstänn erlaben ausseruerdentlech Moossnamen. Eng ënnerhalsam „Konschtgeschicht“ voller Esprit.

Smart_5-8

 

Smart 05: D’Julie Vinandy-Schmit entféiert de Lieser a sengem Magnificat a Südamerika. Aus Freed un der Musek huet en Heedekand decidéiert, d’Lidder aus dem Magnificat ze léieren. Wat als intellektuell Erausfuerderung ugefaangen huet, kritt fir d’Haaptprotagonistin am Laf vun der Rees ëmmer méi eng grouss Bedeitung. Kënnt et zu der Erleuchtung virun der Jesus-Statue zu Rio de Janeiro?

Smart 06: Den Alain Atten huet mat sengem Kuebennascht e Krimi geschriwwen, deen et a sech huet. Wéi beim Kiebchen an der Griecht alles an d’Luucht flitt, ginn de Béier an de Bier mat der Enquête chargéiert. Déi féiert déi zwéin zolidd Hannermänner vun der Police bis an den Himalaya an en Nascht hannert den Äisbierger. Een typeschen Atten a senger onverwiesselbarer Sprooch.

Smart 07: De Yorick Schmit hëlt de Lieser a Paenitentia mat an eng däischter Zäit nom Zweete Weltkrich: E jonke Paschtouer lieft zeréckgezunn an engem klenge Minetter Duerf. Wéi enges Daags en ale Jugendfrënd opdaucht, gi verdrängten Erënnerungen un d’Nazi-Occupatioun nees waakreg. Esou mat senger Vergaangenheet konfrontéiert, muss de Geeschtleche sech enger existenzieller Entscheedung stellen.

Smart 08: Am Luc Marteling sengem iPremier ënnerhale sech zwee elder Statesmen iwwert déi wichtegst politesch Lëscht vun der Mënschheet. Si beschäftegt souwuel deen, deen am Stater „Pescatore“ gepléischtert gëtt, wéi deen, deen zu Saint-Jean-de-Luz säi Patt am „Pescador“ genéisst. Gespréicher aus dem Joer 2045 mat e sëlleche Referenzen a Reverenzen un de Grand-Duché vun haut.

»La fiction luzienne conquiert le Luxembourg«: Déi franséisch Zeitung Sud-Ouest iwwer den iPremier.
(Download vum Artikel als PDF)

Cover_Smart_Kremart_9_an_10

 

Smart 09: All Sonndegmëtteg féiert de Student Max de Pensionnaire Gast vu Käl op Konsdref – op Besuch bei d’Tilly. Fir deen ee bedeiten d’Kilometeren en anstännegt Täschegeld, fir deen aneren ass et den direkte Wee bei de wichtegste Mënsch a sengem Liewen. Den Tom Decker beschreift eng Léift am Conditionnel.

Smart 10: Eng éiergäizeg Fra an en emanzipéierte Mann, dat misst dach klappen. Mä wat ass mat Singapur? Wat geschitt, wann dee Schiet, iwwert deen ee sprange misst, méi grouss ass wéi erwaart? „Gees de mat?“, freet dofir d’Josiane Kartheiser an hirem flott geschriwwenen, multi-empatheschen Traktat voller Perspektiv-Wiessel.

Smart_Kremart_11_12_13_1024

 

Smart 11: Crashed #Ufo in #Luxembourg? Bei der Police gi komesch Meldungen an, op Twitter gi konkret Froe gestallt an op Féissbuch suerge verwackelt Fotoe fir Opreegung: Wat ass um Virowend vun Nationalfeierdag zu Miedernach geschitt? Firwat war d’Freedefeier dëst Joer besonnesch beandrockend? A wisou interesséiert sech och d’Arméi dofir? Den Titel vum Bob Kieffer senger Kuerzgeschicht ass Programm: „Roswell“. Scifi-Touch mat Lokalkolorit.

Smart 12: Seniorenheem, Maison de retraite, Oldieshaus. Wéi een et och nennt, et ass a bleift datselwecht. „Meng lescht Etapp“, denkt d’Emelie e bëssen nostalgesch. Awer och déi „lescht Etapp“ ka voller Iwwerraschunge sinn. Dat beweist d’Christiane Ehlinger a sengem richteg temperéierte Smart-Buch „‘t ass d’Liewen“, wou d’Haaptprotagonistin an en neit Haus plënnert an do eng al Léift entdeckt …

Smart 13: De Jemp Schuster zerwéiert a senger Waassergaass eng ganz besonnesch „Mise en bière“. Well e Béierdeckel ass net just e Béierdeckel. Aus engem Béierdeckel kann ee villes erausrichen: Geschichten, déi de Béier schreift. Och de Béier. Geschichten, déi iwwerall kënne spillen. Och op 13, Waassergaass. Sou steet et geschriwwen. Op engem Béierdeckel. Och op engem Béierdeckel. Entdeckt en ongewéinleche Jemp Schuster, an deem en Hauch vu Béierdonst en olfaktorescht Ausnametalent op en investigativen Tripp schéckt.

Smart_Kremart_1-13b

 

Esou verschidde wéi d’Faarwe vun de Smart-Bicher sinn, esou verschidde sinn och hir Geschichten: Keng ass mat enger anerer ze vergläichen. Gemeinsam hu se just, datt se kuerz sinn, datt se intensiv sinn an datt se de Lieser direkt paken. A praktesch a präiswäert si se och: De Format wéi e Smartphone ass eppes fir all Täsch an de Präis vun net emol 3 Euro eppes fir all Portmonni.

Mat der Serie „Smart Kremart by Kremart Edition“ wëll de Verlag Kremart eppes fir d’Lëtzebuerger Sprooch maachen, Auteuren eng modern Plattform bidden an d’Leit animéieren, Lëtzebuergesch ze liesen.

Am Summer 2016 soll d’Serie fortgesat ginn, 20 Bichelcher sollen et eemol sinn.

An der Serie »Smart Kremart« sinn also bis elo erauskomm:

  • 1) Christiane Kremer: De Wierdermoler (ISBN 978-99959-830-1-7)
  • 2) Claude Schiltz: De Schnéihues (ISBN 978-99959-830-2-4)
  • 3) Vesna Andonovic: Zëmmer Nummer fënnef (ISBN 978-99959-830-3-1)
  • 4) Diane Neises: Weidermerciäddinächsten (ISBN 978-99959-830-4-8)
  • 5) Julie Vinandy-Schmit: Magnificat (ISBN 978-99959-39-01-4)
  • 6) Alain Atten: D’Kuebennascht (ISBN 978-99959-39-02-1)
  • 7) Yorick Schmit: Paenitentia (ISBN 978-99959-39-03-8)
  • 8) Luc Marteling: iPremier (ISBN 978-99959-39-04-5)
  • 9) Tom Decker: D’Tilly (ISBN 978-99959-39-09-0)
  • 10) Josiane Kartheiser: Gees de mat? (ISBN 978-99959-39-10-6)
  • 11) Bob Kieffer: Roswell (ISBN 978-99959-39-11-3)
  • 12) Christiane Ehlinger: ‘t ass d’Liewen! (ISBN 978-99959-39-12-0)
  • 13) Jemp Schuster: 13, Waassergaass (ISBN 978-99959-39-13-7)

De Präis pro Bichelchen am Mini-Format vun 8,5 x 14 cm a mat 36 Säite läit nach ëmmer bei sensationellen 2,99 Euro!

D’Smart-Bicher ginn ënnerstëtzt vum Fonds culturel national (Focuna). Gehollef hunn och: Drees & Sommer, Luxport, OST manufaktur, Skycom Telematics Systems, Cogeco, Mim Feitler Immobilière an Home Interiors Vandenberg. Merci!

Smart_Kremart_1-13a