Smart-Bicher 18, 19, 20

“Mir maachen der 20!” Dee Saz stoung 2013 op eemol am Raum, nodeems d’Serie SMART am du fuschneie Verlag Kremart gebuer war an déi éischt véier faarweg Kuerzgeschichte publizéiert waren, nom Motto: “kleng, präiswäert, liicht an op Lëtzebuergesch”.

20 – dat war grouss gesi fir déi kleng Bicher … a fir dee klenge Verlag!

Lo si mer knapps véier Joer méi spéit a mir si bei 20 ukomm! An natierlech stelle mer déi lescht dräi Bicher och den 20. vir: en Dënschdeg, 20. Juni 2017 um 19h30 am Centre National de Littérature am Servais-Haus zu Miersch, wann et heescht: “Fuck, Love & Bertemes”. Introduktioun vum Claude D. Conter. Musikaleschen Interlude vum André Mergenthaler. Den Entrée ass fräi.

 

Wourëms geet et an den neie Bicher?

SMART 18: Fuck
D’Gintare Parulyte erzielt an enger ganz direkter Sprooch vun den Erwaardungen an Enttäuschunge vun enger jonker Fra.
ISBN 978-99959-39-18-2, 36 Säiten, 2,99 Euro
SMART 19: Tunnel of Love
D’Jackie Messerich féiert de Lieser mat engem zerrapptenen Ziedel aus dem TGV op méiglech an onméiglech Libesweeër zu Paräis.
ISBN 978-99959-39-19-9, 36 Säiten, 2,99 Euro
SMART 20: Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?
De Jean-Paul Maes versetzt eis an d’Haut vun engem Mann am beschten Alter, deen an d’Schweesse kënnt.
ISBN 978-99959-39-20-5, 36 Säiten, 2,99 Euro

Smart-18-19-20