Timba 9, 10, 11 an 12

Och an der Corona-Zäit gëtt d’Serie TIMBA fortgesat. Si ass jo den Nofollger vun der immens erfollegräicher Serie SMART a presentéiert grad ewéi déi Kuerzgeschichten op Lëtzebuerg, an engem faarwege Look an an engem Format, dee grad esou praktesch ewéi präiswäert  ass. Den 8. August 2020 sinn direkt 4 nei Timba-Bicher erauskomm, d’Nummeren 9, 10, 11 an 12. All Bichelchen huet 40 Säiten a kascht 4 Euro.

TIMBA 9 – Jean Back: De Schapp beim Wal, ISBN 978-2-919781-09-6

A sengem ganze Liewen hat hie bis elo nëmmen Niewerollen. Den Haaptprotagonist vun dëser Geschicht, en Aktör, ass ënnen ukomm, lieft an engem Schapp nieft dem grousse Bësch Wal a steet do virun der Wiel: opginn oder duerhalen? En decidéiert ze kämpfen – géint d’Deponie a fir all d’Bommelen an Dëschtelen op dëser Welt.

TIMBA 10 – Joseph Kayser: Déif gekillt, ISBN 978-2-919781-10-2

Dem Kommissär war de Kënn erofgefall. Eng Partie Kaart fi r eng Läich? Esou eppes war him a senger ganzer Karriär net ënnerkomm. A wien hat gewonnen?
Wien an engem Bouneweger Bistro schafft, dee kritt esou muenches mat. De Sam erënnert sech absënns un de Karel, den Usch, de Mulles an de Poli an un dat, wat si alles gestëbst hunn …

TIMBA 11 – Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp, ISBN 978-2-919781-11-9

Wann d’Kanner aus dem Haus ginn, bedeit dat eng nei Etapp. Fir si a fir d’Elteren. Als Elteren, awer och als Koppel. Domat muss ee sech fir d’éischt emol ausernanersetzen, woubäi just eng Saach sécher ass: D’Kanner suergen och dann nach fir Iwwerraschungen.

TIMBA 12 – Romain Butti: Fir wann ech net méi kann, ISBN 978-2-919781-12-6

En ass vu wäit fort zréckkomm a wëll bei senge Léifsten do virufueren, wou si opgehalen hunn. Mee esou einfach ass dat alles net. – Fir säin Theaterstéck »Fir wann ech net méi kann« krut de Romain Butti den 1. Präis am nationale Literaturconcours 2018.

D’TIMBA-Bicher 1 bis 8 sinn iwweregens nach ALL disponibel:

Timba 1 – Marc Wilwert: De groe Star, ISBN 9782919781010
Timba 2 – Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii, ISBN 9782919781027
Timba 3 – Catherine Gitzinger: De Bam, ISBN 9782919781034
Timba 4 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer, ISBN 9782919781041
Timba 5 – Luc Marteling: Den nationale Wollef, ISBN 9782919781058
Timba 6 – Roland Meyer: Food Leaks, ISBN 978-2-919781-06-5
Timba 7 – Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung, ISBN 978-2-919781-07-2
Timba 8 – Fabienne Hollwege: Lucy Love, ISBN 978-2-919781-08-9