A mengem klengen Häerz – VERGRAFF

Nach op der Sich no engem Kaddo fir Vältesdag?
Dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech!

Haut man ech d’Dier vu mengem Häerz wäit op.
Kuckt, wat sech alles doranner verstoppt:
Kreesch vu Freed an Tréine vu Leed;
mol gëtt aus Angscht déck dora geziddert,
mol spillt et engem déi schéinste Lidder.
Mäin Häerz ass faarweg a gutt drop,
ma heiansdo och op der Kopp.

amengemklengenhaerz1
Mat grousser Freed presentéiere mir Iech en häerzlecht Buch: 2015 op der Frankfurter Buchmesse hu mir „Dans mon petit coeur“ entdeckt an et war direkt e „Coup de coeur“. D’Wierk iwwert dat turbulent Banneliewe vun engem klengen Häerz ass am Original bei de franséischen Éditions de La Martinière Jeunesse erauskomm. Et gouf antëscht an e sëlleche Sprooche weltwäit iwwersat an am Oktober 2016, also genee ee Joer no eiser Decouverte, gouf zu Frankfurt och déi lëtzebuergesch Versioun vum Christiane Kremer gewisen. Zu Lëtzebuerg gouf si offiziell am November 2016 um “Salon de l’enfant – TopKids” an der Luxexpo virgestallt.

amengemklengenhaerz2
Am Buch geet et ëm Gefiller, ëm Stëmmungen, ëm déi verschidden Zoustänn, an deenen en Häerz ka sinn: vu ganz gutt drop a voller Freed iwwer déck rose bis hin zu traureg an eleng. Am Mëttelpunkt vum Buch steet dann och en Häerz, dat aus all Säit gestanzt gouf, ëmmer eng Nummer méi kleng, fir um Enn dee faarwegen Effekt ze kreéieren, deen de Bléck direkt captéiert an d’Häerz direkt beréiert …

amengemklengenhaerz4 amengemklengenhaerz5 amengemklengenhaerz6 amengemklengenhaerz7

 

A mengem klengen Häerz
Jo Witek (Text), Christine Roussey (Illustratiounen), Christiane Kremer (Iwwersetzung)
ISBN 978-99959-39-36-6, 28 Säiten, 18 Euro

 

haerz05

Op der Frankfurter Buchmesse 2016 stoung déi lëtzebuergesch Versioun schéi brav an der éischter Rei vum Stand vun “La Martinière Groupe”. Nieft e sëllechen aneren Iwwersetzungen, wéi eis Fotoen hei beweisen, well d’Buch ass quasi e globale Bestseller … Dir kënnt Iech virstellen, wéi frou eis dat gemaach huet! Natierlech hoffe mir, datt dat klengt Häerz mat deem turbulenten Inhalt och zu Lëtzebuerg de Wee an d’Häerzer fënnt …

haerz02 haerz01 haerz03 haerz04

Iwwregens, d’ “Häerz” ass en Deel vun enger ganzer SERIE (op Franséisch):

  • Le ventre de ma maman
  • Les bras de papa
  • Dans mon petit coeur
  • Ma boîte à petits bonheurs
  • Mes petits peurs
  • Ma petite chambre
untitled-1