Bucktugou fir Jonker: Féiwer

Déi nei Kremart-Serie “Bucktugou” presentéiert ganz kleng Kuerzgeschichten (op Lëtzebuergesch), déi ee gemittlech bei enger Taass Kaffi oder engem Schocki genéisse kann: Mini Format (12,5 x 9 cm) a mini Präis (1 Euro) an d’Liesdauer steet um Cover!

“Hot Coffee” bezeechent d’Bicher fir déi Grouss an “Hot Chocolate” déi fir déi Kleng. Där ass bis elo just eent erauskomm: “Féiwer” vum Luc Marteling. An heirëm geet et:

D’Famill ass nuets mam Auto ënnerwee an den Tunn sëtzt an der leschter Rei an der Mall. Op eemol klëmmt en Tëntefësch aus enger Posch eraus a setzt sech einfach op en.

Eng kleng Grujelgeschicht fir jonk Nolauschterer oder jonk Lieser vun aacht Joer un.

Luc Marteling: Féiwer
Bucktugou – Hot Chocolate by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-53-9, 8 Säiten, 1 Euro

D’Serie am Iwwerbléck

Josy Braun: Zwéi Meter virun der, Martin!
Bucktugou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-51-5, 12 Säiten, 1 Euro

Christiane Kremer: An engem Zuch
Bucktugou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-52-2, 16 Säiten, 1 Euro

Luc Marteling: Féiwer
Bucktugou – Hot Chocolate by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-53-9, 8 Säiten, 1 Euro

Danielle Schartz: Eleng ënner villen
Bucktugou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-54-6, 1 Euro

Christiane Kremer: Accord(éon)
Bucktugou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-55-3, 1 Euro