De Kueb Kuiitsch traut sech! – Endlech nees ze kréien

Eng Geschicht iwwer déi dräi Bridder Kuiitsch, Kuatsch a Kuätsch

De Kuiitsch ass net wéi déi aner Kueben aus senger Famill. Seng Bridder Kuatsch a Kuätsch léiere fléien a maache grouss Ausflich, wéi et sech fir Kuebekanner gehéiert. De Kuiitsch awer, dee bleift léiwer doheem am Nascht a kuckt hinne vu Wäitem no. Seng Eltere maache sech vill Suergen: Wat soll nëmmen aus deem klenge Kueb ginn? Um Enn weist de Kuiitsch awer jidderengem, wat hie kann. Hien huet nämlech en extrat Talent … well fléie kann dach schliisslech all Kueb!

Ringo_Rabe_Lux_Cover.indd

„De Kueb Kuiitsch traut sech“ gouf geschriwwe vum Manfred Mai a gezeechent vum Henning Löhlein. D’Buch ass als „Ringo Rabe traut sich was“ bei Ravensburger erauskomm a gouf vum Luc Marteling fir Kremart Edition iwwersat.

An de Kuiitsch – e „Mutmacher-Buch“ (Luxemburger Wort) – ass direkt héich geflunn: an d’Häerzer vun de Kanner an op déi éischte Plaz vun der Bestsellerlëscht (Kanner- a Jugendbicher) vum Mount Mäerz 2015. Ugangs 2023 gouf et nogedréckt, well ëmmer erëm dono gefrot gouf, ma elo ass et nees ze kréien!

 

De Kueb Kuiitsch traut sech!
Text: Manfred Mai
Zeechnungen: Henning Löhlein
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-99959-39-06-9
32 Säiten, 12,99 Euro

 

IMG_7006
De Kuiitsch am „Land“