De Poli an d’Maisy – VERGRAFF

vum Christiane Kremer an Aline Forçain

„Djüb – djüb. Djüb – djüb.“ Wann de Poli séngt, kléngt dat esou. Wann de Poli owes heem an d’Nascht flitt, fänkt et schonn un däischter ze ginn. An da ginn aner Déiere waakreg. Enges Owes rennen de Poli an d’Maisy aneneen. D’Maisy gesäit ganz anescht aus, et huet keng Plommen a grouss Oueren. Et ass eng Flantermaus …

 

D’Christiane Kremer (riets) an d’Aline Forçain (Foto: Steve Müller)

 

„De Poli an d’Maisy“ vum Christiane Kremer ass d’Geschicht vun der ongewéinlecher Frëndschaft tëscht dem faarwege Villche Poli an der groer Fliedermaus Maisy – eng Frëndschaft, déi trotz allen Differenze weist, wéi een zesumme staark ass a vunenee léiere kann.

Déi detailléiert Zeechnunge vum Aline Forçain ginn der Naturgeschicht eng besonnesch Déift an eng erfrëschend Liichtegkeet.

 

Déi schéinste Bëschfrëndschaft, déi ech kennen – Guy Helminger

Eng häerzeg Geschicht fir déi Kleng iwwer déi grouss Bedeitung vun der Frëndschaft – Uli Botzler, Télécran

 


 

Christiane Kremer (Text) & Aline Forçain (Illustratiounen)
De Poli an d’Maisy
Fir Kanner vun 3 Joer un
Layout: Presss
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-99959-39-08-3
32 Säiten, 18,99 Euro

 

30
D’Aline beim Signéieren (Foto: Steve Müller)

Well d’Buch am Hierscht 2016 bal vergraff war, hu mir et nei opleeë gelooss – awer an enger zweesproocheger Versioun: mam Text op Lëtzebuergesch AN op Franséisch!