Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht!

All Nuecht erzielt de Kinnek der klenger Prinzessin eng Gutt-Nuecht-Geschicht. Mä well hien op enger kinneklecher Geschäftsrees ass, ass elo keen do, deen hir eng Geschicht ziele kann, déi sou gutt ass, wéi dem Pappa seng … an dofir kann déi kleng Prinzessin NET aschlofen.

“Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht” ass eng weider immens flott Kannergeschicht vum Tony Ross, an d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Christiane Kremer.

… et geet dach näischt iwwer eng schéi Geschicht!


Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht!
ISBN 978-99959-39-68-7
30 Säiten, 12,95 Euro