Den Elmar an d’Iwwerschwemmung

Net nëmmen zu Lëtzebuerg reent et heiansdo ganz vill, och bei den Elefante kann et wéi aus Eemere schëdden. An da geschitt dat, wat geschéie muss: Et kënnt zu enger Iwwerschwemmung. An iergendwou brauch een dem Elmar seng Hëllef …

„Den Elmar an d’Iwwerschwemmung“ ass ewell déi aacht Aventure vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant, déi de Luc Marteling an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen huet.

David McKee
Den Elmar an d’Iwwerschwemmung
26 Säiten, 12,95 Euro
ISBN 978-99959-39-26-7
Kremart Edition

Elmer_Flood_Cover_LU.indd