Den Elmar an d’Walen

Den Elmar a säi Koseng Willy wëllen op d’Plage d’Wale kucke goen. Ma hir Rees gëtt vill méi opreegend, wéi si geduecht hunn. Um Enn dreiwe si eleng a verlooss matzen um Mier. Kënnen d’Walen hinnen hëllefen, nees u Land ze kommen?

Eng weider immens flott Aventure vun de populären Elefanten, déi och nach gutt an d’Summer- an d’Vakanzenzäit passt!

Elmar_Cover_Walen

Virgestallt gouf “Den Elmar an d’Walen” um Samschdeg, den 28. Mee um 10.30 Auer zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “am Duerf” (8, rue du Village). Den Entrée war fräi an nieft dem Elmar goufen och nach aner Geschichte gelies: “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!”, “De Schudder-Schusch” …

Liesung_Lënster_28mai_1X

Dee Moie war och Maart virum Kulturzenter!

Elmar_Cover_7

Domat si bis elo 7 Elmar-Bicher op Lëtzebuergesch iwwersat – si sinn nach ALL ze kréien, mä vum “Den Elmar an d’Nilpäerd” sinn nëmmen nach e puer Exemplairen do … Am Hierscht kommen dofir nach eemol nei Elmar-Geschichten op de Maart. Freet Iech drop!

IMG_3900

David McKee
Den Elmar an d’Walen
ISBN 978-99959-39-25-0
28 Säiten, 12,95 Euro

IMG_3898