D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack

Wanterdreem aus Konscht a Poesie

D’Christiane Kremer huet dat italieenescht Mäerchen „D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack“ (Storia di Goccia e Fiocco) op Lëtzebuergesch iwwersat – en „Dréibuch“, dat vu vir a vun hannen ze liesen ass …

D’Schnéiflack ass eng ganz Zäitchen op hirer Wollek matgereest. Lo wëll si gär erofschwiewen an op enger schéiner Plaz leie bleiwen. D’Faarfdrëps huet laang Zäit an engem Tëntefaass gewunnt. Elo wëll si endlech eraus an an engem schéine Bild landen. Mä d’Liewen huet eppes ganz anescht mat hinne vir …

Geschicht-Faarfdrëps-Schnéiflack

„D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack“ erzielt vun engem magesche Moment an enger spezieller Frëndschaft. En ongewéinlecht Mäerche fir Kanner an eng poetesch Libesgeschicht fir Erwuessener, duergestallt duerch apaart Zeechnungen a filigran Ornamenter am Pabeier.

image4Den italieenesche Journalist Pierdomenico Bacchalario ass bekannt duerch seng Kanner- a Jugendbicher, déi a méi wéi 18 Sproochen iwwersat goufen. Zesumme mam Alessandro Gatti huet hien 2013 säin éischt Billerbuch erausginn: „Storia di Goccia e Fiocco“. D’Zeechnungen an d’Illustratioune stame vun der Simona Mulazzani, déi zu de bekannten Illustratorinnen an Italien zielt an och schonn international Präisser fir hir Wierker kritt huet.

Untitled-4

D’Christiane Kremer huet d’Buch, dat am Original bei Editrice Il Castoro zu Mailand erauskomm ass, op Lëtzebuergesch iwwersat. D’Buch ass vu vir a vun hannen ze liesen: Dat eent ass d’Geschicht vun der wäisser Flack, dat anert déi vun der schwaarzer Drëps an an der Mëtt …

IMG_2487
D’Geschicht vun der Schnéiflack an der Faarfdrëps

Text: Pierdomenico Baccalario an Alessandro Gatti
Illustratiounen: Simona Mulazzani
Iwwersetzung: Christiane Kremer
ISBN 978-99959-39-07-6
32 Säiten, 22 Euro

——————————————————————————-

Aus dem Buch