D’Linn Lynn

D’Lynn ass eng Linn.
D’Lynn kann alles sinn:
riicht, ronn oder eckeg,
liicht, kromm oder geckeg.
Mol geet d’Linn erop,
mol rennt se an d’Déift,
mol steet s’op der Kopp,
mol ass se verléift.
D’Lynn ass ëmmer do,
ni d’selwecht wéi lo.
D’Lynn wëll alles fierwen.
D’Lynn ass d’Liewen.

linnlynn-panobeispiel1

D’LINN LYNN handelt vun de Méiglechkeete vun engem Stréch.
‘t geet ëm Formen, Faarwen a Gefiller.
Den Tom Schartz huet déi minimalistesch Geschicht vum Luc Marteling illustréiert.
Mol douce, mol graff, ma ëmmer pointéiert.
Entstanen ass eng Parabel op d’Liewe fir kleng a fir grouss Kanner.

linnlynn-panobeispiel2

D’LINN LYNN
Lëtzebuerg 2016
Text: Luc Marteling
Illustratiounen a Layout: Tom Schartz
Korrektur: Myriam Welschbillig
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-99959-39-33-5
32 Säiten, 22 Euro

linnlynn-panobeispiel3

Dëst Buch gouf mat der Ënnerstëtzung vum Nationale Kulturfong publizéiert.

linnlynn-panobeispiel4