Max a Miz – Dem Wilhelm Busch seng Bouwegeschicht »Max & Moritz« op Lëtzebuergesch

150 Joer „Max und Moritz“ vum Wilhelm Busch:
En Happy Birthday fir déi bekanntste Lausbouwe vun der Welt

 

E falschen Datum am Internet war schold drun, datt hinnen ze fréi gewënscht gouf: Op ville Plaze kruten de Max an de Moritz schonn am Abrëll 2015 fir hire ronne Gebuertsdag gratuléiert. Hinnen hätt dat vläit gefall, ma et war awer verfréit, well: „,Max und Moritzʻ erschien Ende Oktober 1865. Die Angabe April 1865 ist nicht korrekt (und wurde z. B. aus dem Wikipedia-Beitrag über MuM wieder entfernt)“, schreift d’Monika Herlt vun der Wilhelm-Busch-Gesellschaft zu Hannover.

Max-a-Miz_Innentitel

Eréischt Enn Oktober 2015 waren et also genee 150 Joer hier, datt de Wilhelm Busch (1832-1908) säin „Max und Moritz“ erausbruecht huet. Am Joer virdrun hat hien e verfaasst. D’Geschicht vun de siwe Spichte vun den zwee Lausbouwen huet e berühmt a bekannt gemaach: „Max und Moritz – eine Bubengeschichte in sieben Streichen“ ass e Klassiker ginn, aus deem bal jidderee Versen, Spichten a Figure kennt. Scho virdrun hat de Busch Karikaturen an Texter, déi hie selwer „Schosen“ (vum franséische Wuert „Chose“) genannt huet, a satireschen Zäitschrëfte publizéiert.

D’Buch „Max und Moritz“ gouf bis zum Auteur sengem Doud den 9. Januar 1908 ganzer 56 Mol nei erausbruecht an iwwer 450.000 Mol verkaaft. Haut ass et an iwwer 280 verschidde Sproochen iwwersat ginn. Och am Lëtzebuergesche ginn et direkt e puer Iwwersetzungen – vum Néckel Bach (De Fridchen an de Bestgen), Josy Christen, René Weiland an Alain Atten.

 

Max-a-Miz_Atten1
Mat Sympathie an Empathie fir dem Wilhelm Busch seng zwéin Näischnotzen: De Sproochmates Alain Atten huet „Max und Moritz“ als „Max a Miz“ an d’Lëtzebuergescht iwwersat. (Foto: Maya a Robert Straus)

 

Wat „Max und Moritz“ an hire siwe Streech stiichten, huet de Wilhelm Busch wuel selwer ni als Bouf erlieft. Déi zwee Lausbouwen huet e sech awer genee virgestallt. De Max gesäit esou aus wéi säi beschte Frënn aus der Kannerzäit Erich Bachmann an de Moritz, dat ass de Wilhelm Busch selwer. Mat der Geschicht hëlt e vrun allem déi klengbiergerlech Moral an Onéierlechkeet, Ausgrenzung a Rassismus op d’Schëpp a wëllt duerstellen, datt déi Erwuesse genee sou béisaarteg si wéi d’Bouwen.

D’Kombinatioun tëscht Zeechnung an Text an de Prinzip vun der Geschicht, déi am Duercherneen a Chaos endegt, weise Parallelen tëscht dem Busch an dem spéidere Comic. Dofir gëtt hie gär „Urvater des Comics“ genannt.

2000 huet de Linguist an Historiker Alain Atten de Busch-Klassiker „De Max an de Miz“ am däitsche Verlag „Ehrenwirt“ op Lëtzebuergesch erausbruecht. „Miz“ ass iwwregens déi al lëtzebuergesch Fassong vu „Moritz“. „De Wilhelm Busch hat zwee Talenter, eent am Stëft an eent an der Fieder. Dat goufe Billergeschichten dosenteweis; déi hei huet den Tour ëm d’Welt gemaach. Déi zwee Lausbouwen hu mir all op Däitsch verdillegt, ma si schmaache grad sou gehäerzt op Lëtzebuergesch“, erkläert den Iwwersetzer. Mat Recht!

 

mm007

Well säi Buch vergraff war, gouf et fir den 150. Gebuertsdag vun den zwee Lausbouwen iwwerschafft, un déi aktuell Lëtzebuerger Orthografie ugepasst a bei „Kremart Edition“ nei erausbruecht. Esou geet se un:

Wat muss een net alles schlécken,
Wann déi Kanner sech net schécken!
Wat déi hei zwee sech geleescht,
Max a Miz hu se geheescht,
Dat geet bal op keng Kouhaut.
Huet een iwwert se gejaut,
Hu si sech an d’Fäischt gelaacht
An och nach de Geck gemaacht.

Nieft den Originalzeechnunge vum Wilhelm Busch gehéiert zu der groussformateger Neioplo och eng CD, op där den Alain Atten „De Max an de Miz“ selwer liest.

 

Max-a-Miz_Atten2
Den Alain Atten (Foto: Maya a Robert Straus)

 


Alain Atten
Max a Miz – Dem Wilhelm Busch seng Bouwegeschicht »Max & Moritz« op Lëtzebuergesch
Grousst Format, haart Deckelen, Hallefléngen a mat Audio-CD
ISBN 978-99959-830-9-3
72 Säiten, 22 Euro


 

 

Max-a-Miz_Duebelportrait
Den Duebel-Portrait vun „Max und Moritz“ vum Wilhelm Busch, 1865 („Holzschnittdruck“) – Source: Karikaturmuseum Wilhelm Busch

 

Busch à la Atten

Hei drënner als Extrait déi véiert Spicht, dee ganz bekannte Passus mam „Lehrer Lämpel“, vum Alain Atten als „Luuchte Luss“ an d’Lëtzebuergescht transposéiert:

 

’t ass eng al, gewosste Saach:
Wann s d’näischt léiers, bleifs d’en Draach!
’t geet net duer mam A-Béi-Zéi
Fir e Liewen ouni Fléi.
Kanns d’och nëmme liesen, schreiwen,
Muss d’nawell en Topert bleiwen.
Och d’Gerechens, graff a reng,
Deet dat Déngen net eleng!
All déi dichteg déif Gedanken
Brauchs d’a Fleesch a Blutt a Schanken:
Du muss hell gi bannenan!
Do war Luuchte Luss de Mann.

Max a Miz, déi krappeg Muppen,
Bloufen net gär bei em huppen.
Wien der léiwer stëbst a stiicht,
Ass fir d’Léier net gediicht.

Nun hat Luuchte Luss d’Manéier
Fir ze patsche mat Pleséier.
Ëmmer hat en d’Päif am Bak,
Wat een owes bei der Tak
Engem ale brave Mann
Just vun Häerze gonne kann.

Max a Miz sinn net ze zillen:
Wéi kann een dem Luss eng spillen?
Ma dee fëmmt sech dach stackstäif!
Da geet dee mat Damp duerch d’Päif!

Eng Ke’r, wa grad Sonndeg ass,
Wann e sech an d’Kierch geflass
An um Duxall laang a breet
Seng wënsch Uergel wéimren deet!

A sou man s’et! Ongeruff
Schläiche si am Luss seng Stuff.
Bäi der Fotell hannenhin
Hu se d’Mierschaumspäif gesinn.

Eenzock huet de Max s’erwëscht
An de Miz seng Fläsch gefëscht:
Nëmmen dichteg stoppstoppstopp
Pollever an d’Kluewekopp!
Ma da séier aus dem Haus!
Ëm déi Zäit ass d’Kierch well aus.

Däerbaans huet mat guddem Aart
Luuchte Luss d’Kierchdier gespaart.

Lidderbicher, Nouteblieder
An en Aarbel voll Gebieder –
’t geet elo duer! Doheem beim Uewen
ass een hënt gutt opgehuewen.

Just de Biz nach opgesat
An da gëtt eng ugemat.

»Ei«, seet en, »déi gréisste Freed
Bleift allneems Zefriddenheet.«

Pou!!! Do kraacht seng Knoll em lass!!!
’t gëtt e Knalert bis an d’Strass.
Kaffisbiz a Waasserglas,
Tubaksblos an Tëntefaass,
Uewen, Dësch a Siess an d’Luucht!!!
Alles himmelliicht duerch d’Uucht.

Wéi de Gallem sech verzitt,
Weist sech réischt, wat do geschitt:
Luuchte Luss läit flaach um Réck,
Ma e wibbelt nach, zum Gléck.
D’Nues an d’Gabber, d’Patt an d’Ouer
Pechschwaarz wéi e Krëppemouer.
D’Buuschten husch bis op déi lescht:
Just seng Doudeklatz ass Rescht.

O, deen aarme gudde Mann!
Wie mécht ’lo, wat hie just kann?
Wie geet äis ’lo d’Kanner zillen?
Wie kënnt äis ’lo d’Uergel spillen?
Woumat soll de Luss ’lo raachen,
Wa säi Kluef näischt méi soll daachen?

Mat der Zäit gëtt alles heel –
Bis op d’Päif, déi huet hir Deel.

’t war hir véiert Spicht, dat do,
Ma hir fënneft kënnt gläich no.

 

Max-a-Miz_Affiche

An um Dënschdeg, 12. Januar 2016 an der Stad an der grousser Alain-Atten-Soirée am Cité-Cercle stinn déi zwee Lausbouwen „Max a Miz“ eng weider Kéier am Mëttelpunkt. De Wilhelm Busch huet einfach zwee zäitlos Charaktere geschaf.

 

Max-a-Miz_Extrait3