News

-

Timba-Liesung zu Stengefort an der Aler Schmelz 30.9.2020

Endlech duerf een nees op literaresch Reese goen! Mir freeën eis Iech erëmzegesinn!! Den 30. September 2020 liese véier Auteuren aus hiren Timba-Kuerz-Geschichten, déi an de leschte Méint bei Kremart erauskomm sinn, an der Aler Schmelz zu Stengefort, op Invitatioun vun der Gemeng Stengefort. Et muss ee reservéieren 39 93 13- 1 oder mat Mail op jonathan.gomes@steinfort.lu! De Roland Meyer ...

Weider liesen
-

Kaarte fir den ELMAR a fir DÉI KLENG PRINZESSIN

D’Lëtzebuerger Land am Elmar-Look? Do staunt dee faarweg karéierten Elefant awer. An e freet sech. Well ganz vill Geschichte vun him sinn op Lëtzebuergesch ze kréien. An et kommen der nach un engem Stéck derbäi. Fir d’Kanner frou ze maachen! Den Elefant vum David McKee ass einfach super! Ma och vun der klenger Prinzessin gëtt et eng Kaart, op där si an hirem typesche Look drop ze ...

Weider liesen
-

Kannerbuch “De Coronavirus” elo och a Gebäerdesprooch

D’E-Book “De Coronavirus – E Buch fir Kanner” vum englesche Verlag Nosy Crow, dat Kremart Edition an der Zäit vum Confinement op Lëtzebuergesch iwwersat hat, gëtt et elo och a Gebäerdesprooch. Realiséiert gouf dëse Projet vun der Hörgeschädigten-Beratung zu Steesel. Hei geet et bei d’Video-Clippen. Weider Infoen iwwer déi lëtzebuergesch Versioun vum ...

Weider liesen
-

Kremart-Monsteren op Youtube

Well d’Kanner aktuell net fir eng Liesung an d’Mierscher Lieshaus kënne kommen, huet sech d’Lieshaus eppes ausgeduecht, fir d’Liesung bei d’Kanner ze bréngen: Wann d’Kanner sech e schéine Pillem sichen a sech eleng oder mat den Eltere virun de Computer setzen an de Link heidrënner uklicken, da kënne se eng Online-Liesung genéissen – bal wéi am ...

Weider liesen
-

Hei eroflueden: De Coronavirus – E Buch fir Kanner

Déi aktuell Situatioun ass esou aussergewéinlech, datt een se de Kanner net dacks genuch kann erklären. Fir datt si se verstinn a besser domat kënnen ëmgoen. Aus deem Grond huet de klenge Lëtzebuerger Verlag Kremart Edition – am Abrëll 2019 – d’Initiativ vum klengen, onofhängege Londoner Verlag Nosy Crow opgegraff, an säi Kannerbuch iwwer DE CORONAVIRUS op Lëtzebuergesch iwwersat. Et ...

Weider liesen
-

Wëllt Dir DE LOBO an aner Geschichte virgelies kréien?

Dat geet um Youtube-Channel vum CNL, dem Nationale Lieraturzenter vu Miersch, deen extra fir d’Zäit vum Corona-Virus, also fir d’Zäit ouni Schoulen, ouni Bibliothéiken, ouni Librairien, ouni ëffentlech Liesungen eng Online-Plattform an d’Liewe geruff huet, fir datt d’Literatur bei d’Leit komme kann – an éischter Linn elo mol bei déi Kleng. Gläichzäiteg wëll ...

Weider liesen
-

Kremart op Letzshop: Bicher gratis bestellen!

Vun elo u kënnt Dir d’Bicher vu Kremart Edition net nëmmen an de Lëtzebuerger Librairië fannen, ma och op letzshop.lu – an zwar ganz einfach hei: https://letzshop.lu/de/luxembourg/vendors/kremart-edition Mir sinn och elo drop: @KremartE goes @LetzshopLux!Einfach an onkomplizéiert – iwwerzeegt Iech selwer, vum Site 🖥️ a vun eise Bicher 📚, mir freeën eis op Iech 😍: ...

Weider liesen
-

Dat si Fënsteren! Elmar-Style an der Belle Étoile

Wann dat keng smart Vitrinn ass! Den Ernster an der Belle Etoile ass dëser Deeg ganz am Kremart-Look: Mat eise faarwege Smart-Bicher, dem faarweg karéierten Elmar, der rabbelkäppeger Prinzessin an och soss nach e sëllege Bicher, déi kleng a grouss Liesfrënn frou maachen. Kommt entdeckt se: Vu “Lobo” an “Eng Strooss, déi lieft”, iwwer d’Häerz-Buch a “brèves ...

Weider liesen
-

Besonnesch an der Grippesaison: d’Hänn wäschen!

Iwwerall héiert a liest een den Ament, datt d’Hännwäschen elo grad besonnesch wichteg ass, well mir an der Grippesaison sinn. Wann ee seng Hänn reegelméisseg wäscht, iwwerdréit ee manner Krankheeten. Dat huet och Déi Kleng Prinzessin musse léieren, well den Tony Ross huet hir an der Geschicht “Ech wëll meng Hänn net wäschen!” erkläert, firwat dat awer wichteg ass. An um ...

Weider liesen
-

A genee zwee Méint: Den Dag vum Buch

Den 23. Abrëll gëtt all Joers un d’Buch erënnert an un d’Droit-auteuren. Zu Lëtzebuerg ginn d'”Journées du livre et du droit d’auteur” dëst Joer tëscht dem 20. an dem 26. Abrëll organiséiert. Wie fir den 23. Abrëll eng Aktivitéit sicht, fir doheem oder an der Schoul, deem sief d’Buch “Wann ech e Buch wier” vum José Jorge Letria (Text) an André Letria ...

Weider liesen