„Béischten“: Liesunge mam Jemp Schuster a Claire Parsons

An deem klengen Duerf Kromber geschéien an de Joren 1942 bis 1949 Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen. – Méi iwwer de Bestseller-Roman Béischten gëtt et hei.

De Jemp Schuster liest 2024 op e sëllege Plazen aus sengem neie Roman. Begleet gëtt e vun der Musekerin Claire Parsons, déi international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot ass.

Béischten-Liesungen 2024

(Dënschdeg, 16. Januar: Cité Bibliothèque, Lëtzebuerg, 18:30 Auer)

(Freideg, 26. Januar: Brennerei Schreiber, Proz, 19:30 Auer)

(Dënschdeg, 30. Januar: Bibliothéik Ettelbréck, 19:30 Auer)

(Donneschdeg, 8. Februar: Galerie Kielen, 19:30 Auer)

(Freideg, 16. Februar: Brandbau Wooltz, 20:00 Auer)

(Donneschdeg, 22. Februar: Al Molkerei Kaalmes, 20:00 Auer)

(Donneschdeg, 29. Februar: Thillevogtei Randschelt, 19:30 Auer)

(Méindeg, 25. Mäerz: Konschthaus Schëffleng, 19:30 Auer)

(Donneschdeg, 28. Mäerz: Stued Theater Maacher, 20:00 Auer
Éieregaascht: Georges Urwald)

Sonndeg, 21. Abrëll: Schmelz Stengefort, 17:00 Auer

Dënschdeg, 23. Abrëll: LiteraTour Beetebuerg, 20:00 Auer

Donneschdeg, 25. Abrëll: Augustinshaus Schwéidsbeng, 19:30 Auer