Serie Smart Kremart 1-20

20 Bichelcher waren ugekënnegt, 20 Bichelcher goufe geliwwert – an anere Wierder: D’Serie “Smart Kremart by Kremart Edition” ass zënter 2017 komplett, awer nach ëmmer ze kréien! Hiren Nofollger heescht iwweregens Timba: 24 Kuerzgeschichten déi Kéier (Ofschloss 2024), awer nach ëmmer op Lëtzebuergesch.

Smartbooks_01-20_streng_1_R

Hei den Iwwerbléck iwwert eis “Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch”:

1) Christiane Kremer: De Wierdermoler (ISBN 978-99959-830-1-7)
2) Claude Schiltz: De Schnéihues (ISBN 978-99959-830-2-4)
3) Vesna Andonovic: Zëmmer Nummer fënnef (ISBN 978-99959-830-3-1)
4) Diane Neises: Weidermerciäddinächsten (ISBN 978-99959-830-4-8)
5) Julie Vinandy-Schmit: Magnificat (ISBN 978-99959-39-01-4)
6) Alain Atten: D’Kuebennascht (ISBN 978-99959-39-02-1)
7) Yorick Schmit: Paenitentia (ISBN 978-99959-39-03-8)
8) Luc Marteling: iPremier (ISBN 978-99959-39-04-5)
9) Tom Decker: D’Tilly (ISBN 978-99959-39-09-0)
10) Josiane Kartheiser: Gees de mat? (ISBN 978-99959-39-10-6)
11) Bob Kieffer: Roswell (ISBN 978-99959-39-11-3)
12) Christiane Ehlinger: ’t ass d’Liewen! (ISBN 978-99959-39-12-0)
13) Jemp Schuster: 13, Waassergaass (ISBN 978-99959-39-13-7)
14) Luc Belling: An elo mol … op Lloret! (ISBN 978-99959-39-14-4)
15) Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongsrüstung (ISBN 978-99959-39-15-1)
16) Karin Goedert: Maacht mer keen Ouer! (ISBN 978-99959-39-16-8)
17) Nico Helminger: Flakka (ISBN 978-99959-39-17-5)
18) Gintare Parulyte: Fuck (ISBN 978-99959-39-18-2)
19) Jackie Messerich: Tunnel of Love (ISBN 978-99959-39-19-9)
20) Jean-Paul Maes: Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un? (ISBN 978-99959-39-20-5)

Smart01-20_strengok

D’Kuerzgeschichten am Kuerzportrait:

Smart 1: D’Christiane Kremer hëlt Iech a sengem Wierdermoler mat op e Spadséiergank an e Park, wou Dir d’Sonndesjoggerin an de Laptopmann kenneléiert. Eng wonnerbar douce Libesgeschicht mat oppenem Schluss mécht den Optakt vun der Smart-Serie.

Smart 2: D’Claude Schiltz erzielt am Schnéihues mat vill Selbstironie vu senger éischter Schivakanz, déi een eenzege Fiasko war: „Eppes ass sécher, ech si kee Schnéihues a wäert an dësem Liewen och kee méi ginn.“ Ob d’Schier hirer Léift am Wee stoungen?

Smart 3: D’Vesna Andonovic schéckt de Lieser am Zëmmer Nummer fënnef op e psychedelesch-intellektuellen Trip op enger Aachterbunn mat Fibonacci-Arrêten. Si selwer dréckt et esou aus: „Den Herrgott, ech an e Fuerz, dee queesch sëtzt. Tréischt Dech, ech hunn och nach net verstan, wéi all déi Saachen zesummenhänken.“

Smart 4: D’Diane Neises stellt Iech a Weidermerciäddinächsten d’Cappelletti-Bridder vir, mat deenen den Ech-Protagonist Fränz zesummen d’Artnapping SA gegrënnt huet. Hire Businessmodell: Si tausche Biller aus, well ausseruerdentlech economesch Ëmstänn erlaben ausseruerdentlech Moossnamen. Eng ënnerhalsam „Konschtgeschicht“ voller Esprit.

Smart 5: D’Julie Vinandy-Schmit entféiert de Lieser an hirem Magnificat a Südamerika. Aus Freed un der Musek huet en Heedekand decidéiert, d’Lidder aus dem Magnificat ze léieren. Wat als intellektuell Erausfuerderung ugefaangen huet, kritt fir d’Haaptprotagonistin am Laf vun der Rees ëmmer méi eng grouss Bedeitung. Kënnt et zu der Erleuchtung virun der Jesus-Statue zu Rio de Janeiro?

Smart 6: Den Alain Atten huet mat sengem Kuebennascht e Krimi geschriwwen, deen et a sech huet. Wéi beim Kiebchen an der Griecht alles an d’Luucht flitt, ginn de Béier an de Bier mat der Enquête chargéiert. Déi féiert déi zwéin zolidd Hannermänner vun der Police bis an den Himalaya an en Nascht hannert den Äisbierger. Een typeschen Atten a senger onverwiesselbarer Sprooch.

Smart 7: De Yorick Schmit hëlt de Lieser a Paenitentia mat an eng däischter Zäit nom Zweete Weltkrich: E jonke Paschtouer lieft zeréckgezunn an engem klenge Minetter Duerf. Wéi enges Daags en ale Jugendfrënd opdaucht, gi verdrängten Erënnerungen un d’Nazi-Occupatioun nees waakreg. Esou mat senger Vergaangenheet konfrontéiert, muss de Geeschtleche sech enger existenzieller Entscheedung stellen.

Smart 8: Am Luc Marteling sengem iPremier ënnerhale sech zwee elder Statesmen iwwert déi wichtegst politesch Lëscht vun der Mënschheet. Si beschäftegt souwuel deen, deen am Stater „Pescatore“ gepléischtert gëtt, wéi deen, deen zu Saint-Jean-de-Luz säi Patt am „Pescador“ genéisst. Gespréicher aus dem Joer 2045 mat e sëlleche Referenzen a Reverenzen un de Grand-Duché vun haut.

Smart 9: All Sonndegmëtteg féiert de Student Max de Pensionnaire Gast vu Käl op Konsdref – op Besuch bei d’Tilly. Fir deen ee bedeiten d’Kilometeren en anstännegt Täschegeld, fir deen aneren ass et den direkte Wee bei de wichtegste Mënsch a sengem Liewen. Den Tom Decker beschreift eng Léift am Conditionnel.

Smart 10: Eng éiergäizeg Fra an en emanzipéierte Mann, dat misst dach klappen. Mä wat ass mat Singapur? Wat geschitt, wann dee Schiet, iwwert deen ee sprange misst, méi grouss ass wéi erwaart? „Gees de mat?“, freet dofir d’Josiane Kartheiser an hirem flott geschriwwenen, multi-empatheschen Traktat voller Perspektiv-Wiessel.

Smart 11: Crashed #Ufo in #Luxembourg? Bei der Police gi komesch Meldungen an, op Twitter gi konkret Froe gestallt an op Féissbuch suerge verwackelt Fotoe fir Opreegung: Wat ass um Virowend vun Nationalfeierdag zu Miedernach geschitt? Firwat war d’Freedefeier dëst Joer besonnesch beandrockend? A wisou interesséiert sech och d’Arméi dofir? Den Titel vum Bob Kieffer senger Kuerzgeschicht ass Programm: Roswell. Scifi-Touch mat Lokalkolorit.

Smart 12: Seniorenheem, Maison de retraite, Oldieshaus. Wéi een et och nennt, et ass a bleift datselwecht. „Meng lescht Etapp“, denkt d’Emelie e bëssen nostalgesch. Awer och déi „lescht Etapp“ ka voller Iwwerraschunge sinn. Dat beweist d’Christiane Ehlinger a sengem richteg temperéierte Smart-Buch ‘t ass d’Liewen, wou d’Haaptprotagonistin an en neit Haus plënnert an do eng al Léift entdeckt …

Smart 13: De Jemp Schuster zerwéiert op 13, Waassergaass eng ganz besonnesch „Mise en bière“. Well e Béierdeckel ass net just e Béierdeckel. Aus engem Béierdeckel kann ee villes erausrichen: Geschichten, déi de Béier schreift. Och de Béier. Geschichten, déi iwwerall kënne spillen. Och op 13, Waassergaass. Sou steet et geschriwwen. Op engem Béierdeckel. Och op engem Béierdeckel. Entdeckt en ongewéinleche Jemp Schuster, an deem en Hauch vu Béierdonst en olfaktorescht Ausnametalent op en investigativen Tripp schéckt.

Smart 14: Wat geet engem Primaner, dee grad säi leschten Exame geschriwwen huet, alles duerch de Kapp? Den 19 Joer ale Sam verréit eis et. Hien ass am Gaangen, ee Kapitel zouzemaachen an een neit opzeschloen. An en ass vu sech iwwerzeegt: Zefridde kuckt en no hannen a rechtfäerdegt sech. Hoffnungsvoll bléckt en no vir a gesäit seng Méiglechkeeten. Hie weit of, erwaart sech vill a bastelt grouss Pläng. An elo mol … op Lloret! huet de Luc Belling seng Geschicht iwwerschriwwen.

Smart 15: Wann de Kewen engem Draach begéint ass, huet hie säi Schwäert néiergeluecht an ass op den Draach zougaangen. Mä net ze no, well seng Rüstung war jo aus Kartong. An als Ritter begéint een net nëmmen Draachen … Eng Geschicht vum Tullio Forgiarini fir kleng a grouss Lieser – mat sëlweregem Cover a mat Illustratioune vum Hermann Fuchs aus dem Iechternacher Lycée: De Ritter an der Kartongsrüstung.

Smart 16: Lo ass et schonns erëm de 15. September: Den Dram vun dausende vu Kanner, Jofferen a Schoulmeeschtere geet deen Dag op en Enn, den Dram vun dausende vun Eltere geet deeselwechten Dag an Erfëllung. Dovu kënnen Dechargeusen e Liddche sangen! Dëst hei ass eent voller Selbstironie iwwer den Tunni Téinert, dee berüchtegten Zykel-4-Virus a ganz vill Ouereschmalz, geschriwwe vum Karin Goedert, déi mengt: Maacht mer keen Ouer!

Smart 17: Esch-la-mauvaise, sot de Fuzz. Daesch-sur-Alzette, sot de Mayo. An deem Zoustand, wou dës Stad ass, ass hei alles erlaabt, sot de Fuzz, deen erausfonnt huet, datt den Anagramm vun Esch/Alzette “letzte Asche” heescht … Et flackert a flakkat an der däischterer Dystopie Flakka vum Nico Helminger. Daucht dran an, wann Der Iech traut.

Smart 18: D’Gintare Parulyte erzielt a Fuck enger ganz direkter Sprooch vun den Erwaardungen an Enttäuschunge vun enger jonker Fra. En emotionalen an hormonellen Op an Of, bei deem kee méi spiert, wéini den Héichpunkt kënnt …

Smart 19: En zerrapptenen Ziedel aus engem Hotel, e mysteriéise Message, dee vläicht ni ukomm ass – dës Decouverte am TGV op Paräis mécht aus enger Zuchrees eng Entdeckungsrees: e Pabeier-Puzzle, deen eis iwwert verschidde Libes- a Liewesweeër duerch den Tunnel vun der Léift féiert. Fuert duerch den Tunnel of Love vum Jackie Messerich.

Smart 20:  Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?, mengt de Jean-Paul Maes zum Ofschloss a versetzt eis an d’Haut vun engem Mann am beschten Alter, deen net nëmmen an der Sauna an d’Schweesse kënnt a sech fir onwiderstehlech hält. Ob déi aner, virun allem d’Dammen, dat och esou gesinn? Eng Geschicht mat Temperatur an Temperament.

Smartbooks_01-20_locker_3_R

E Smart-Buch huet 36 Säiten a kascht 2,99 Euro. Erméiglecht gouf dëse Präis och duerch extern Hëllef. Dofir hei e MERCI un de Fonds Culturel Nationa (Focuna), dee sämtlech Smart-Bicher vun 1 bis 20 ënnerstëtzt huet, ma och un dës privat Sponsoren, déi d’Initiativ gutt fonnt an ënnerstëtzt hunn:

  • Drees & Sommer
  • Luxport
  • OST manufaktur
  • SkyCom
  • Cogeco
  • mim feitler immobilière
  • VANB home interior
  • Coviva
  • opti-vue
  • Gemeng Kielen
FOCUNA_LOGO_ok

MERCI!!!


 

E klenge Réckbléck:

“Mir maachen der 20!” Dee Saz stoung 2013 op eemol am Raum, nodeems d’Serie SMART am du fuschneie Verlag Kremart gebuer war an déi éischt véier faarweg Kuerzgeschichte publizéiert waren, nom Motto: “kleng, präiswäert, liicht an op Lëtzebuergesch”. 20 – dat war grouss gesi fir déi kleng Bicher … a fir dee klenge Verlag!

Knapps véier Joer méi spéit war Kremart bei 20 ukomm! En Dënschdeg, 20. Juni 2017 um 19h30 housch et am Centre National de Littérature am Servais-Haus zu Miersch: “Fuck, Love & Bertemes”. Déi dräi lescht Smarties goufe virgestallt. Introduktioun vum Claude D. Conter. Musikaleschen Interlude vum André Mergenthaler. An den Entrée war fräi. Vill besser goung et jo bal net …

D’Smart-Bicher 14 bis 17 goufen iwweregens am Aquatower zu Bäerdref virgestallt – hei geet et bei d’Fotoe vum Steve Müller.

D’Auteure virum Aquatower (v.l.n.r.): Nico Helminger (Smart 17: Flakka), Karin Goedert (Smart 16: Maacht mir keen Ouer!), Hermann Fuchs, Illustratiounen, an Tullio Forgiarini, Text (Smart 15: De Ritter an der Kartongsrüstung), an de Luc Belling (Smart 14: An elo mol … op Lloret!). Foto: Steve Müller

 

Am Lëtzebuerger Journal huet de Samuel Hamen iwwert d’Virstellung vun de Smart-Bicher am Aquatower geschriwwen.

Smart-Journal-2

An den iPremier hat et eemol an déi franséisch Zeitung Sud-Ouest gepackt:
»La fiction luzienne conquiert le Luxembourg«

 

 

 

(Download vum Artikel als PDF)