Serie TIMBA (1-12)

TIMBA heescht den Nofollger vun der immens beléifter Serie SMART, déi mat antëscht iwwer 31.500 verkaaften Exemplairen déi erfollegräichst Serie an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht ass (esou de Claude D. Conter, wéi en nach Direkter vum CNL war).  Grad ewéi SMART esou presentéiert och TIMBA Kuerzgeschichten op Lëtzebuerg, an engem faarwege Look an an engem Format, dee grad esou praktesch ewéi präiswäert ass.

Ouni ze vill ze verroden: 24 TIMBA-Bicher si geplangt, an onreegelméissegen Ofstänn gëtt d’Serie fortgesat … a kënnt hirem Zil ëmmer méi no, well bis elo schonn 12 Bänn erauskomm sinn (Stand 2020).

Den 8. August 2020 sinn direkt 4 nei Timba-Bicher erauskomm, d’Nummeren 9, 10, 11 an 12.

TIMBA 12 – Romain Butti: Fir wann ech net méi kann, ISBN 978-2-919781-12-6
En ass vu wäit fort zréckkomm a wëll bei senge Léifsten do virufueren, wou si opgehalen hunn. Mee esou einfach ass dat alles net. – Fir säin Theaterstéck »Fir wann ech net méi kann« krut de Romain Butti den 1. Präis am nationale Literaturconcours 2018.

TIMBA 11 – Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp, ISBN 978-2-919781-11-9
Wann d’Kanner aus dem Haus ginn, bedeit dat eng nei Etapp. Fir si a fir d’Elteren. Als Elteren, awer och als Koppel. Domat muss ee sech fir d’éischt emol ausernanersetzen, woubäi just eng Saach sécher ass: D’Kanner suergen och dann nach fir Iwwerraschungen.

TIMBA 10 – Joseph Kayser: Déif gekillt, ISBN 978-2-919781-10-2
Dem Kommissär war de Kënn erofgefall. Eng Partie Kaart fi r eng Läich? Esou eppes war him a senger ganzer Karriär net ënnerkomm. A wien hat gewonnen? Wien an engem Bouneweger Bistro schafft, dee kritt esou muenches mat. De Sam erënnert sech absënns un de Karel, den Usch, de Mulles an de Poli an un dat, wat si alles gestëbst hunn …

TIMBA 9 – Jean Back: De Schapp beim Wal, ISBN 978-2-919781-09-6
A sengem ganze Liewen hat hie bis elo nëmmen Niewerollen. Den Haaptprotagonist vun dëser Geschicht, en Aktör, ass ënnen ukomm, lieft an engem Schapp nieft dem grousse Bësch Wal a steet do virun der Wiel: opginn oder duerhalen? En decidéiert ze kämpfen – géint d’Deponie a fir all d’Bommelen an Dëschtelen op dëser Welt.

Fir d’Walfer Bicherdeeg 2019 waren 3 nei TIMBA-Geschichte prett:

Timba 8 – Fabienne Hollwege: Lucy Love, ISBN 978-2-919781-08-9
»Et ass Summer, ech hu 15 Joer a si verléift. Déi éischte Kéier a mengem Liewen esou richteg. An en Anarchist aus Schweden! Angscht, Virwëtz, den éischte Kuss a weider …? Alkohol, Snus a Bullshit vun dir. Wäerts du bleiwen, Rasmus? Lucy loves u.« Erwuesse ginn ass zimmlech komplizéiert, wann d’Gefiller Kopplabunz schloen an de Kapp net dat selwecht wëll. »Wat méchs du do? HAL OP! Et ass wonnerschéin …«

Timba 7 – Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung, ISBN 978-2-919781-07-2
En Uerdnungsfanatiker wéi de Jemp als Noper hunn, ass net einfach. Mä wat passéiert, wann deen enges Daags och nach d’Schlëssele vun den Nopeschhaiser an de Grapp kritt? A wat kënnt dobäi eraus, wann esou e Jemp bis ufänkt, iwwert sech selwer nozedenken?

Timba 6 – Roland Meyer: Food Leaks, ISBN 978-2-919781-06-5
»Wou ass däin houeren Hond! Abbes, wou ass dat Sauvéi?« Dat ass de Fin mot vun engem Old-School-Barbecue-Man a senger eegener Grillarena. E puer Méint virdrun, op Chrëschtdagowend, war ewell e Samushelikopter Affer vun enger Fondue ginn. Do kann ee scho mol iwwer eng Diät nodenken. Ma eiser Här huet sech wuel net ëmsoss als d’Brout vum Liewe bezeechent an net als de Broccoli oder den Avocado oder den Tofu dovun.

Start vun der TIMBA-Serie war den 18. Juli 2018, wéi Kremart sài 5. Gebuertsdag gefeiert huet …

Timba 5 – Luc Marteling: Den nationale Wollef, ISBN 9782919781058
Ass et wouer? Dat kann dach net sinn! Ma et ass kee Witz, et ass eng eescht Geschicht: De Wollef ass nees do! Sou e Béischt am klenge Grand-Duché beschäftegt natierlech och déi grouss Politiker. E Pas de deux fir den Icksbee an den Effbee. Oder einfach e Sketch anno 2018. Aaauuuuuuu…

Timba 4 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer, ISBN 9782919781041
Mat 30 Joer schonn e Bilan zéien? Wat erzielt ee beim Konveniat, wann déi aner all vun hirem Auto, hirem Job, hirem Partner, hire Kanner schwäermen? Besonnesch wann dat engem säi Liewenszil bis dohi guer net war. Souwisou, wann et op eemol un dat Liewegt geet, änneren d’Ziler ganz séier …

Timba 3 – Catherine Gitzinger: De Bam, ISBN 9782919781034
Et fänkt u mat engem wäissen Hoer. Mä wier et gutt e wäisst Hoer. Dat, wat do um Änder sengem Kapp wiisst, ass eppes ganz anescht. A seng Fangeren huelen op eemol och ongewéinlech Formen un. Wat geschitt do grad mat him? Eng kafkaesk Geschicht vun der Musel.

Timba 2 – Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii, ISBN 9782919781027
Hie war op eemol einfach do. An op eemol einfach net méi. Mä wat huet en an deenen zwee Joer dertëscht gemaach? Wie war hien iwwerhaapt? Vläicht wier et awer derwäert gewiescht, de Mats besser kennenzeléieren. Dat denkt elo jiddereen, ma elo ass et ze spéit. Elo bleiwe just d’Wolleken iwwer Hawaii.

Timba 1 – Marc Wilwert: De groe Star, ISBN 9782919781010
Huet hie säin Noper ëmbruecht oder net? De Star vun dëser Geschicht ass en Amateurfotograf, dee sech verdächteg mécht, well e keen Alibi huet … well en net op Facebook ass. E geréit ellen an d’Laberenten an zweiwelt souguer u senger eegener Existenz, esou staark ass d’Muecht vun de Biller.

             All Bichelchen huet 40 Säiten a kascht 4 Euro.

                        D’Lektorat ass vum MYRIAM WELSCHBILLIG.

                                  De Layout ass vum SACHA HECK (mediengestalter.lu).

                                            A gedréckt goufen a ginn d’Bicher bei der REKA, Éilereng.

Hei geet et bei d’Fotoe vun der Buch-Virstellung am Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch. Impressioune vun engem gemittlechen Owend vum Domingos Oliveira. Presentéiert goufen d’Kuerzgeschichten den 11. Juli 2018, wat iwwregens de 5. Gebuertsdag vu Kremart Edition war.

D’TIMBA-Bicher sinn iwweregens nach ALL ze kréien:

Timba 1 – Marc Wilwert: De groe Star, ISBN 9782919781010
Timba 2 – Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii, ISBN 9782919781027
Timba 3 – Catherine Gitzinger: De Bam, ISBN 9782919781034
Timba 4 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer, ISBN 9782919781041
Timba 5 – Luc Marteling: Den nationale Wollef, ISBN 9782919781058
Timba 6 – Roland Meyer: Food Leaks, ISBN 978-2-919781-06-5
Timba 7 – Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung, ISBN 978-2-919781-07-2
Timba 8 – Fabienne Hollwege: Lucy Love, ISBN 978-2-919781-08-9
Timba 9 – Jean Back: De Schapp beim Wal, ISBN 978-2-919781-09-6
Timba 10 – Joseph Kayser: Déif gekillt, ISBN 978-2-919781-10-2
Timba 11 – Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp, ISBN 978-2-919781-11-9
Timba 12 – Romain Butti: Fir wann ech net méi kann, ISBN 978-2-919781-12-6

 

Wonnerbar Rezensioun am “Land”