Serie TIMBA: D’Kuerzgeschichten 1 bis 19

TIMBA heescht den Nofollger vun der immens beléifter Serie SMART, déi mat antëscht méi ewéi 35.000 verkaaften Exemplairen (Stand Enn 2022) déi erfollegräichst Serie an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht dierft sinn (esou de Claude D. Conter 2017, wéi en nach Direkter vum CNL war).  Grad ewéi SMART esou presentéiert och TIMBA Kuerzgeschichten op Lëtzebuerg, an engem faarwege Look an an engem Format, dee grad esou praktesch ewéi präiswäert ass. An natierlech zackeg, ma dat verréit jo ewell den Numm.

Ouni ze vill ze verroden: 24 TIMBA-Bicher si geplangt, an onreegelméissegen Ofstänn sinn der erauskomm a kommen der nach eraus, déi lescht 5 Bicher sollen 2023 d’Serie ofschléissen. Se goufen all Korrektur gelies vum Myriam Welschbillig, gelayout vum Sacha Heck (Mediengestalter.lu), gedréckt vun der Reka an ënnerstëtzt vum Focuna. All Bichelchen huet 40 Säiten a kascht 4 Euro.

 

TIMBA 19 – Jackie Messerich: Pappendag, ISBN 978-2-919781-19-5
»Wat weess een da vun hinnen?« Wat wësse mir iwwer eis Pappen. Wat wousste si iwwert eis? Wéi gesi mir se elo, wou se net méi do sinn. Dëse Kaleidoskop vun Andréck, Momentopnamen a Souvenire versicht, e perséinlecht Bild vu Pappen ze zeechnen, wéi se an der Erënnerung vun hiren Duechtere weiderliewen, an illustréiert esou déi eenzegaarteg Bezéiung tëscht hinnen. All anescht an awer sou änlech.
NB: 2018 koum vuvum Jackie Messerich an der Serie Smart d’Kuerzgeschicht “Tunnel of Love” eraus.

TIMBA 18 – Katharina Bintz: Valley Girl, ISBN 978-2-919781-18-8
»Du häss jo eppes gesot, Lily?« – »Jo«, soen ech. Ech wëll net dat Meedche sinn, dat näischt seet. D’Lily steet op der Bün. Mee hannert der Bün geschitt eppes, mat deem hatt ganz eleng ass. Seng beschte Frëndin ass an Amerika. Seng Mam wëll, datt hatt jogge geet. Den ale Schauspiller wëll him de Kapp voll tuddelen. Mee ass hatt wierklech eleng?

TIMBA 17 – Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer, ISBN 978-2-919781-17-1
Igitt! Satir! Ironie! Dat kënnt guer net gutt an eisen humouerlosen Zäiten, an dëser Ära vu beleidegte Liewerwurschten! Esoubal een eppes seet, ob eescht gemengt oder net, fannen sech der direkt fënnef, dienen hir Gefiller doduerch verletzt sinn. Dësen Tatsaachebericht aus dem Land vun den onbegrenzte Katastrophen dierft do keng Ausnam sinn. Mee dat huet Cabaret jo esou u sech. Zum Gléck!
NB: Vum Roland Meyer ass och d’Timba-Buch Nummer 6 “Food Leaks”.

TIMBA 16 – Bob Kieffer: Rachel, ISBN 978-2-919781-16-4
Muss ee stierweskrank ginn, fir sech d’Fro ze stellen, wat engem wierklech wichteg ass? Wéi de Pol gewuer gëtt, dass en nach just sechs Méint ze liewen hätt, mécht en sech op eng lescht, ganz onprobabel Rees, déi e vu Lëtzebuerg iwwer Las Vegas bis op Rachel am US-Bundesstaat Nevada féiert. E verluerent Nascht matten an der Wüüst, net wäit vun der Area 51 ewech a voller Rumeuren iwwer ausserierdescht Liewen …
NB: Vum Bob Kieffer ass och d’Smart-Buch Nummer 11 “Roswell“.

TIMBA 15 – Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin, ISBN 978-2-919781-15-7
Beim Zoé geet sou munches schif. A senger klenger Welt schéngen d’Dreem net an Erfëllung ze goen … Op eemol daucht de Seraphin op. Him seng Welt ass voller Poesie. Wat geschitt, wann d’Zoé sech drop aléisst? Den zweeten Deel vun der Geschicht »Engelsflilleken« mam Titel »De Seraphin«.
Den éischten Deel mam Titel »D’Ausstellung« gëtt et am Timba-Buch Nummer 14.
NB: Vum Julie Vinandy-Schmit ass och d’Smart-Buch Nummer 5 “Magnificat” an de Kremart-Kanephora-Band “Perdue dans la vallée“.

TIMBA 14 – Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung, ISBN 978-2-919781-14-0
D’Zoé mécht Gipsofdréck vu Récker. Déi wäiss Schuele veraarbecht hatt op eng ganz kreativ Manéier weider. Firwat eigentlech? A wat soll domat geschéien? Déi jonk Kënschtlerin, eng gequäälte Séil, léisst sech dozou iwwerrieden, hir Kreatiounen auszestellen. Ma ass dat wierklech eng gutt Iddi? D’Zoé huet e gelungent Gefill bei där Saach. – Den éischten Deel vun der Geschicht »Engelsflilleken« mam Titel »D’Ausstellung«.
Den zweeten Deel mam Titel »De Seraphin« gëtt et am Timba-Buch Nummer 15.

TIMBA 13 – Yorick Schmit: Weeër a Spueren, ISBN 978-2-919781-13-3
Zesumme mat sengem Bouf Ben hëlt den Erzieler eis mat an de Bësch a stellt eis seng Stammbeem vir. Weeër a Spueren aus enger lëtzebuergescher Familljechronik, vun engem fatale Blëtzschlag iwwer eng tragesch Auswanderung bis zu enger ongewéinlecher Frëndschaft am Zweete Weltkrich
NB: Vum Yorick Schmit sinn och d’Smart-Buch Nummer 7 “Paenitentia” an d’Kannerbuch “D’Sandmeedchen“, dat éischt lëtzebuergescht A-Buch fir Kanner, dat Kremart zesumme mat de Rotonden erausbruecht huet.

TIMBA 12 – Romain Butti: Fir wann ech net méi kann, ISBN 978-2-919781-12-6
En ass vu wäit fort zréckkomm a wëll bei senge Léifsten do virufueren, wou si opgehalen hunn. Mee esou einfach ass dat alles net. – Fir säin Theaterstéck »Fir wann ech net méi kann« krut de Romain Butti den 1. Präis am nationale Literaturconcours 2018.

TIMBA 11 – Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp, ISBN 978-2-919781-11-9
Wann d’Kanner aus dem Haus ginn, bedeit dat eng nei Etapp. Fir si a fir d’Elteren. Als Elteren, awer och als Koppel. Domat muss ee sech fir d’éischt emol ausernanersetzen, woubäi just eng Saach sécher ass: D’Kanner suergen och dann nach fir Iwwerraschungen.

TIMBA 10 – Joseph Kayser: Déif gekillt, ISBN 978-2-919781-10-2
Dem Kommissär war de Kënn erofgefall. Eng Partie Kaart fi r eng Läich? Esou eppes war him a senger ganzer Karriär net ënnerkomm. A wien hat gewonnen? Wien an engem Bouneweger Bistro schafft, dee kritt esou muenches mat. De Sam erënnert sech absënns un de Karel, den Usch, de Mulles an de Poli an un dat, wat si alles gestëbst hunn …

TIMBA 9 – Jean Back: De Schapp beim Wal, ISBN 978-2-919781-09-6
A sengem ganze Liewen hat hie bis elo nëmmen Niewerollen. Den Haaptprotagonist vun dëser Geschicht, en Aktör, ass ënnen ukomm, lieft an engem Schapp nieft dem grousse Bësch Wal a steet do virun der Wiel: opginn oder duerhalen? En decidéiert ze kämpfen – géint d’Deponie a fir all d’Bommelen an Dëschtelen op dëser Welt.

Timba 8 – Fabienne Hollwege: Lucy Love, ISBN 978-2-919781-08-9
»Et ass Summer, ech hu 15 Joer a si verléift. Déi éischte Kéier a mengem Liewen esou richteg. An en Anarchist aus Schweden! Angscht, Virwëtz, den éischte Kuss a weider …? Alkohol, Snus a Bullshit vun dir. Wäerts du bleiwen, Rasmus? Lucy loves u.« Erwuesse ginn ass zimmlech komplizéiert, wann d’Gefiller Kopplabunz schloen an de Kapp net dat selwecht wëll. »Wat méchs du do? HAL OP! Et ass wonnerschéin …«

Timba 7 – Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung, ISBN 978-2-919781-07-2
En Uerdnungsfanatiker wéi de Jemp als Noper hunn, ass net einfach. Mä wat passéiert, wann deen enges Daags och nach d’Schlëssele vun den Nopeschhaiser an de Grapp kritt? A wat kënnt dobäi eraus, wann esou e Jemp bis ufänkt, iwwert sech selwer nozedenken?

Timba 6 – Roland Meyer: Food Leaks, ISBN 978-2-919781-06-5
»Wou ass däin houeren Hond! Abbes, wou ass dat Sauvéi?« Dat ass de Fin mot vun engem Old-School-Barbecue-Man a senger eegener Grillarena. E puer Méint virdrun, op Chrëschtdagowend, war ewell e Samushelikopter Affer vun enger Fondue ginn. Do kann ee scho mol iwwer eng Diät nodenken. Ma eiser Här huet sech wuel net ëmsoss als d’Brout vum Liewe bezeechent an net als de Broccoli oder den Avocado oder den Tofu dovun.

Timba 5 – Luc Marteling: Den nationale Wollef, ISBN 9782919781058
Ass et wouer? Dat kann dach net sinn! Ma et ass kee Witz, et ass eng eescht Geschicht: De Wollef ass nees do! Sou e Béischt am klenge Grand-Duché beschäftegt natierlech och déi grouss Politiker. E Pas de deux fir den Icksbee an den Effbee. Oder einfach e Sketch anno 2018. Aaauuuuuuu…

Timba 4 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer, ISBN 9782919781041
Mat 30 Joer schonn e Bilan zéien? Wat erzielt ee beim Konveniat, wann déi aner all vun hirem Auto, hirem Job, hirem Partner, hire Kanner schwäermen? Besonnesch wann dat engem säi Liewenszil bis dohi guer net war. Souwisou, wann et op eemol un dat Liewegt geet, änneren d’Ziler ganz séier …

Timba 3 – Catherine Gitzinger: De Bam, ISBN 9782919781034
Et fänkt u mat engem wäissen Hoer. Mä wier et gutt e wäisst Hoer. Dat, wat do um Änder sengem Kapp wiisst, ass eppes ganz anescht. A seng Fangeren huelen op eemol och ongewéinlech Formen un. Wat geschitt do grad mat him? Eng kafkaesk Geschicht vun der Musel.

Timba 2 – Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii, ISBN 9782919781027
Hie war op eemol einfach do. An op eemol einfach net méi. Mä wat huet en an deenen zwee Joer dertëscht gemaach? Wie war hien iwwerhaapt? Vläicht wier et awer derwäert gewiescht, de Mats besser kennenzeléieren. Dat denkt elo jiddereen, ma elo ass et ze spéit. Elo bleiwe just d’Wolleken iwwer Hawaii.

Timba 1 – Marc Wilwert: De groe Star, ISBN 9782919781010
Huet hie säin Noper ëmbruecht oder net? De Star vun dëser Geschicht ass en Amateurfotograf, dee sech verdächteg mécht, well e keen Alibi huet … well en net op Facebook ass. E geréit ellen an d’Laberenten an zweiwelt souguer u senger eegener Existenz, esou staark ass d’Muecht vun de Biller.

Fotogalerie

Hei geet et bei d’Fotoe vun der Virstellung vun den éischten Timba-Bicher am Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch. Impressioune vun engem gemittlechen Owend vum Domingos Oliveira. Presentéiert goufen d’Kuerzgeschichten den 11. Juli 2018, wat iwwregens de 5. Gebuertsdag vu Kremart Edition war.

D’Serie am Iwwerbléck

Natierlech si sämtlech Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch nach ze kréien:

1) Marc Wilwert: De groe Star
2) Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii
3) Catherine Gitzinger: De Bam
4) Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer
5) Luc Marteling: Den nationale Wollef
6) Roland Meyer: Food Leaks
7) Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung
8) Fabienne Hollwege: Lucy Love
9) Jean Back: De Schapp beim Wal
10) Joseph Kayser: Déif gekillt
11) Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp
12) Romain Butti: Fir wann ech net méi kann
13) Yorick Schmit: Weeër a Spueren
14) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung
15) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin
16) Bob Kieffer: Rachel
17) Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer
18) Katharina Bintz: Valley Girl
19) Jackie Messerich: Pappendag

Wonnerbar Rezensioun am “Land”

TIMBA-Timberen