Timba 14, 15, 16 a 17

2021 ass definitiv och d’Joer vun den TIMBA-Bicher! Nodeems d’Nummer 13 “Weeër a Spueren” vum Yorick Schmit am Fréijoer den Optakt gemaach huet, bréngt den Hierscht elo véier weider Geschichten, d’Nummere 14 bis 17, an dat mat enger Nouveautéit: engem Duebelband, also enger Geschicht, déi sech iwwer zwee Bichelcher erstreckt.

TIMBA ass jo den Nofollger vu SMART a presentéiert grad ewéi si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Vu béide Serië sinn nach sämtlech Titelen ze kréien. Elo awer emol zu den neie Bicher.

 

Timba 14: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung

D’Zoé mécht Gipsofdréck vu Récker. Déi wäiss Schuele veraarbecht hatt op eng ganz kreativ Manéier weider. Firwat eigentlech? A wat soll domat geschéien? Déi jonk Kënschtlerin, eng gequäälte Séil, léisst sech dozou iwwerrieden, hir Kreatiounen auszestellen. Ma ass dat wierklech eng gutt Iddi? D’Zoé huet e gelungent Gefill bei där Saach. – Den éischten Deel vun der Geschicht »Engelsflilleken« mam Titel »D’Ausstellung«. Den zweeten Deel mam Titel »De Seraphin« gëtt et am Timba-Buch Nummer 15.

Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung (Timba 14)
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Reka
ISBN 978-2-919781-14-0, 40 Säiten, 4 Euro

Timba 15: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin

Beim Zoé geet sou munches schif. A senger klenger Welt schéngen d’Dreem net an Erfëllung ze goen … Op eemol daucht de Seraphin op. Him seng Welt ass voller Poesie. Wat geschitt, wann d’Zoé sech drop aléisst? Den zweeten Deel vun der Geschicht »Engelsflilleken« mam Titel »De Seraphin«. Den éischten Deel mam Titel »D’Ausstellung« gëtt et am Timba-Buch Nummer 14.

Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin (Timba 15)
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Reka
ISBN 978-2-919781-15-7, 40 Säiten, 4 Euro

Vum Julie Vinandy-Schmit ass och d’Smart-Buch Nummer 5 “Magnificat” an de Kremart-Kanephora-Band “Perdue dans la vallée“.

Timba 16: Rachel

Muss ee stierweskrank ginn, fi r sech d’Fro ze stellen, wat engem wierklech wichteg ass? Wéi de Pol gewuer gëtt, dass en nach just sechs Méint ze liewen hätt, mécht en sech op eng lescht, ganz onprobabel Rees, déi e vu Lëtzebuerg iwwer Las Vegas bis op Rachel am US-Bundesstaat Nevada féiert. E verluerent Nascht matten an der Wüüst, net wäit vun der Area 51 ewech a voller Rumeuren iwwer ausserierdescht Liewen …

Bob Kieffer: Rachel (Timba 16)
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Reka
ISBN 978-2-919781-16-4, 40 Säiten, 4 Euro

Vum Bob Kieffer ass och d’Smart-Buch Nummer 11 “Roswell“.

Timba 17: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer

Igitt! Satir! Ironie! Dat kënnt guer net gutt an eisen humouerlosen Zäiten, an dëser Ära vu beleidegte Liewerwurschten! Esoubal een eppes seet, ob eescht gemengt oder net, fannen sech der direkt fënnef, dienen hir Gefiller doduerch verletzt sinn. Dësen Tatsaachebericht aus dem Land vun den onbegrenzte Katastrophen dierft do keng
Ausnam sinn. Mee dat huet Cabaret jo esou u sech. Zum Gléck!

Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer (Timba 17)
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Reka
ISBN 978-2-919781-17-1, 40 Säiten, 4 Euro

Vum Roland Meyer ass och d’Timba-Buch Nummer 6 “Food Leaks”.

Timba 13: Weeër a Spueren (Ufank 2021 erauskomm)

Zesumme mat sengem Bouf Ben hëlt den Erzieler eis mat an de Bësch a stellt eis seng Stammbeem vir. Weeër a Spueren aus enger lëtzebuergescher Familljechronik, vun engem fatale Blëtzschlag iwwer eng tragesch Auswanderung bis zu enger ongewéinlecher Frëndschaft am Zweete Weltkrich. Dem Yorick Schmit seng Geschicht “Weeër a Spueren” huet den Optakt vun enger ganzer Rei neien TIMBA-Bicher, déi am Laf vum Joer 2021 erauskommen, gemaach! 🙂

Yorick Schmit: Weeër a Spueren
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Reka
ISBN 978-2-919781-13-3, 40 Säiten, 4 Euro

Vum Yorick Schmit ass och d’Smart-Buch Nummer 7 “Paenitentia” an d’Kannerbuch “D’Sandmeedchen“, dat éischt lëtzebuergescht A-Buch fir Kanner, dat Kremart zesumme mat de Rotonden erausbruecht huet.

Den Nationale Kulturfong FOCUNA ënnerstëtzt d’Serie TIMBA vu Kremart Edition.

Kremart Timba – Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch – hei den Iwwerbléck:

1) Marc Wilwert: De groe Star
2) Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii
3) Catherine Gitzinger: De Bam
4) Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer
5) Luc Marteling: Den nationale Wollef
6) Roland Meyer: Food Leaks
7) Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung
8) Fabienne Hollwege: Lucy Love
9) Jean Back: De Schapp beim Wal
10) Joseph Kayser: Déif gekillt
11) Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp
12) Romain Butti: Fir wann ech net méi kann
13) Yorick Schmit: Weeër a Spueren
14) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung
15) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin
16) Bob Kieffer: Rachel
17) Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer

Weider Infoen iwwer TIMBA.

Weider Infoen iwwer SMART.