NEI: Valley Girl (Timba 18) a Pappendag (Timba 19)
Pénktlech fir d’Walfer Bicherdeeg 2022 sinn zwou nei Timba-Geschichten op de Maart komm, et sinn d’Bicher Nummer 18 an 19 an der Serie, déi, wa se da bis komplett ass, 24 Bicher soll hunn.

TIMBA 18
Katharina Bintz: Valley Girl
ISBN 978-2-919781-18-8
40 Säiten, 4 Euro
»Du häss jo eppes gesot, Lily?« – »Jo«, soen ech. Ech wëll net dat Meedche sinn, dat näischt seet. D’Lily steet op der Bün. Mee hannert der Bün geschitt eppes, mat deem hatt ganz eleng ass. Seng beschte Frëndin ass an Amerika. Seng Mam wëll, datt hatt jogge geet. Den ale Schauspiller wëll him de Kapp voll tuddelen. Mee ass hatt wierklech eleng?

TIMBA 19
Jackie Messerich: Pappendag
ISBN 978-2-919781-19-5
40 Säiten, 4 Euro
»Wat weess een da vun hinnen?« Wat wësse mir iwwer eis Pappen. Wat wousste si iwwert eis? Wéi gesi mir se elo, wou se net méi do sinn. Dëse Kaleidoskop vun Andréck, Momentopnamen a Souvenire versicht, e perséinlecht Bild vu Pappen ze zeechnen, wéi se an der Erënnerung vun hiren Duechtere weiderliewen, an illustréiert esou déi eenzegaarteg Bezéiung tëscht hinnen. All anescht an awer sou änlech.
NB: 2018 koum vum Jackie Messerich an der Serie Smart d’Kuerzgeschicht “Tunnel of Love” eraus.
Méi Infoen iwwer d’Serie TIMBA
Genee wéi hire Virgänger SMART bitt d’TIMBA och Kuergeschichten op Lëtzebuergesch. Vu béide Serië sinn nach ëmmer sämtlech Bicher ze kréien.
Hei déi eenzel Timba-Coveren, wéi se jeeweils “am Set” erauskomm sinn:




