News

-

10 Joer Kremart am CNL

“Eng literaresch Virwëtztut fir 10 Joer Kremart Edition” gouf et en Donneschdeg, 23. November ëm 19:30 Auer zu Miersch am Literaturarchiv. 10 Auteuren an Auteurinnen hunn aus hire Kremart-Wierker gelies, ausgewielt aus 90+ Kannerbicher 70+ Erwuessenebicher 44 Auteuren an Auteurinnen 7 Illustrateuren an Illustrateurinnen 3 Sproochen Erauskomm ass dobäi en – pardon – ...

Weider liesen
-

KATALOG 2024: Hei de PDF eroflueden!

“Déi zweet Dekad”, esou den Titel vun eiser Preface an eisem neie Katalog 2024 – 10 Joer Bicher, déi Freed maachen. Dee kënnt Dir hei als PDF an niddreger Qualitéit (72 ppi/13 MB) eroflueden. Dir kënnt en awer och beim Verlag iwwer Mail bestellen (kontakt@kremart.lu) oder frot an Ärer Librairie dono, mir stellen hinnen der gären zur Verfügung. En ass natierlech gratis. Elo awer ...

Weider liesen
-

3 Rendez-vousen am November: Walfer, Miersch, Mamer

No Allerhellege gëtt et eescht fir d’Buchbranche, dofir hei e klengen Iwwerbléck:   1. Walfer Bicherdeeg Déi sinn dëst Joer den 18. an 19. November. Samschdes vun 10 bis 19 Auer a sonndes vun 10 bis 18 Auer. De Motto 2023 heescht: “D’Welt zielen, d’Welt liesen.” Kremart ass wéi all Joer mat um Dill, Dir fannt eis an der grousser Hal vun de Verlagen an och an der Hal ...

Weider liesen
-

September-Oktober: 3 Liesunge fir Kanner an der Lënster Bibliothéik

D’Schoul fänkt nees un an d’Bibliothéik gëtt nees lieweg: Fir d’Rentrée 2023 gëtt et direkt 3 verschidde Liesunge fir Kanner an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“ zu Jonglënster (Flyer/PDF). Samschdeg, 30. September: Déi kleng Prinzessin an de Kuakerino Gelies vum Christiane Kremer Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net! Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och ...

Weider liesen
-

Liesmatinée zu Lënster (22. Abrëll) a Soirée littéraire zu Leideleng (25. Abrëll)

Kremart freet sech, Iech op zwou Liesunge fir Erwuessener anzelueden:   E Samschdeg, den 22. Abrëll 2023 ëm 10:30 Auer De Pit Schlechter, Auteur vum „Fléiepëlz“ a Buchpräis-Gewënner 2022, liest an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“ zu Jonglënster Programm: No enger kuerzer Virstellung vum Auteur vu Schous duerch de Luc Marteling liest de Pit Schlechter e Grapp Texter ...

Weider liesen
-

Lauter Liesungen …

Mir freeën eis, Iech op eng ganz Rëtsch Liesungen an den nächsten Deeg, Wochen a Méint hinzeweisen. Fir Kleng a Grouss! – Samschdeg, 1. Abrëll ëm 11 Auer zu Lënster: Liesung fir Kanner – Sonndeg, 2. Abrëll ëm 14:30 an ëm 15:15 Auer zu Biwer: Liesung fir Kanner (3-7 Joer) an dono fir Erwuessener – Samschdeg, 22. Abrëll ëm 10:30 Auer zu Lënster: Liesung Pit Schlechter, ...

Weider liesen
-

“Lëtzeboia Paranoia”: Liesung den 28. Februar am CNL zu Miersch

De Guy Rewenig an de Pit Schlechter liesen zesummen aus hiren neie Bicher: Lëtzeboia Paranoia heescht hir Liesung den Dënschdeg, 28. Februar 2023 ëm 19:30 Auer am Nationale Literaturzenter (CNL) zu Miersch. (Eng Umeldung ass net néideg, mee wier sécher eng Plaz wëllt kréien, deen ass am beschte fréi un.) Et geet vill ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Wierk De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis ...

Weider liesen
-

Liesung “De Bicherbus” zu Ettelbréck

Déi éischt Kremart-Liesung 2023: En Dënschdeg, 24. Januar liest d’Christiane Kremer ëm 19:30 Auer aus sengem Roman “De Bicherbus” (Serie Kanephora, 2020) an der Bibliothéik zu Ettelbréck.

Weider liesen
-

2023 gëtt FAARWEG! (Hoffentlech)

Léif alleguer, hoffentlech gëtt 2023 e faarwegt Joer. Mir maachen op alle Fall eist Bescht, fir Faarf an d’Spill ze bréngen! 🏳️‍🌈 An dat mat dëse Bicher 📚: 1. WÉI EEN E REEBOU FÄNKT   🌈 🌈 🌈 Eis éischt neit Buch fir dat neit Joer ass eis éischt SUPERFLOTT Koproduktioun mat “Oxford University Press”: D’Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat ...

Weider liesen