Ee Krimi, zwee Lausbouwen a ganz vill Wierder

En Owend mam Sproochmates Alain Atten gëtt et direkt am Ufank vum Neie Joer: Rendez-vous ass um Dënschdeg, 12. Januar 2016 um 18.30 Auer am Cercle-Cité an der Stad, am Kader vun den “Mardis littéraires”.

Den Alain Atten, gebuer den 22. Februar 1938 an der Stad, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller. Hien ass spezialiséiert an der mëttelalterlecher Geschicht an an den ale lëtzebuergesche Bräich. Hien huet am Nationalarchiv geschafft, huet Theaterstécker geschriwwen an ass bekannt duerch seng Emissiounen um Radio – virun allem duerch de “Sproochmates”. Hien ass e Spezialist vun ale lëtzebuergeschen Ausdréck a Riedensarten an den Ufänk vun eiser lëtzebuergescher Literatur am 19. Joerhonnert.

Am Cercle-Cité stinn e Krimi an eng Iwwersetzung vum Alain Atten am Mëttelpunkt.

atten

Max a Miz

2000 huet de Linguist an Historiker Alain Atten de Wilhelm-Busch-Klassiker “Max und Moritz” am däitsche Verlag Ehrenwirt als “De Max an de Miz” op Lëtzebuergesch erausbruecht. (“Miz” ass iwwregens déi al lëtzebuergesch Fassong vu “Moritz”.)

“De Wilhelm Busch hat zwee Talenter, eent am Stëft an eent an der Fieder. Dat goufe Billergeschichten dosenteweis; déi hei huet den Tour ëm d’Welt gemaach. Déi zwee Lausbouwen hu mir all op Däitsch verdillegt, ma si schmaache grad sou gehäerzt op Lëtzebuergesch”, erkläert den Iwwersetzer. Mat Recht!

De Wilhelm Busch hëlt mat sengem “Max und Moritz” virun allem déi klengbiergerlech Moral an Onéierlechkeet, Ausgrenzung a Rassismus op d’Schëpp a wëllt duerstellen, datt déi Erwuesse genee sou béisaarteg si wéi d’Bouwen.

D’Kombinatioun tëscht Zeechnung an Text an de Prinzip vun der Geschicht, déi am Duercherneen a Chaos endegt, weise Parallelen zum spéidere Comic. Dofir gëtt de Busch gär “Urvater des Comics” genannt.

Iwwregens: Am Oktober 2015 hunn de Max an de Miz hiren 150. Gebuertsdag gefeiert!

D’Kuebennascht

Den Alain Atten huet mat sengem Kuebennascht e Krimi geschriwwen, deen et a sech huet. Wéi beim Kiebchen an der Griecht alles an d’Luucht flitt, ginn de Béier an de Bier mat der Enquête chargéiert. Déi féiert déi zwéin zolidd Hannermänner vun der Police bis an den Himalaya an en Nascht hannert den Äisbierger. Een typeschen Atten a senger onverwiesselbarer Sprooch!

Reservéierung esou laang wéi Plaze fräi sinn per Telefon 4796-2732 oder E-Mail: bibliotheque@vdl.lu.

De Virtrag ass op Lëtzebuergesch.

Max-a-Miz_Atten1