Blosen, tréischten, Plooschter drop (4. Oplo)

Eng kleng Wonn? E blöde Bobbo? Eng uerg Pick? Ma mat dësem Buch ass dat alles kee Problem méi! “Blosen, tréischten, Plooschter drop” heescht et … a scho sinn all d’Déieren nees gesond a monter a loosse sech nei Topegkeeten afalen. Am Original vum Henning Löhlein a Bernd Penners bei Ravensburger, vum Christiane Kremer fir Kremart op Lëtzebuergesch iwwersat.

D’Buch, dat Kremart fir d’éischt 2016 als Iwwersetzung erausbruecht hat, ass direkt supergutt ukomm, bei Kanner a bei Elteren. A senger 4. Oplo ass et elo – endlech – nees ze kréien.

 

De Clou vum “Plooschter-Buch”: Et huet fest Säiten an et si 5 Spill-Plooschteren dran integréiert, déi d’Kanner op d’Boboe vun den Déiere peche kënnen. Eent pecht direkt um Cover, dofir ass do eng Schutzfolie drëm! An d’Plooschtere kann een esou dacks benotzen, wéi ee wëll. Se sinn einfach propper ze halen a bleiwe gutt pechen. Huet ee se bis een oder zwee Mol lassgemaach, geet dat ganz liicht!

Plooschterbuch_2 Plooschterbuch_3 Plooschterbuch_4

Plooschterbuch_5
Blosen, tréischten, Plooschter drop
Mat fënnef faarwege Spill-Plooschteren
Illustratioun: Henning Löhlein
Text: Bernd Penners
Iwwersetzung: Christiane Kremer
Vivi Kremart by Kremart Edition
ISBN 978-99959-39-34-2
16 Säiten, 16 Euro

Nach e ganz flott Bicher mat Stickeren (Brëller): De klenge Bier brauch e Brëll!

Plooschterbuch_6