Den Elmar am Schnéi – VERGRAFF

Kommt mat op ee waarm-kalen Entdeckungstour!

Hutt Dir schonn eng Kéier waarm Hänn a wootlecht Waasser gehalen? Dat fillt sech da kal un. A wann Dir kal Hänn a wootlecht Waasser zappt, da fillt dat sech waarm un. An dëser Geschicht weist de faarweg karéierten Elefant Elmar senge Frënn, wéi ënnerschiddlech ee waarm a kal erliewe kann a wéi flott Wäermt a Keelt kënne sinn. Déi jonk Lieser oder éischter Nolauschterer gi vun den Elefanten op e witzegen, waarm-kalen Entdeckungstour invitéiert!

Elmar_Cover_5

„Den Elmar am Schnéi“ ass ewell déi fënneft Geschicht vum David McKee sengem populären Elefant, déi de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat huet. D’Buch ass erauskomm bei Kremart Edition a kascht wéi déi aner Elmar-Bänn 12,95 Euro (Den Elmar, Den Elmar an d’Nilpäerd, Den Elmar an d’Monster, Den Elmar an d’Schlaang).

Fir 2016 si weider Elmar-Geschichten op Lëtzebuergesch virgesinn …

David McKee
Den Elmar am Schnéi
ISBN 978-99959-39-23-6
30 Säiten, 12,95 Euro

 

Den “Elmar am Schnéi” war iwwregens och am literareschen Adventskalenner vun der Initiativ Freed um Liesen op dem soziokulturelle Radio 100,7. Den 23. Dezember 2015 huet hie sech hannert der Dierche verstoppt …

 

Elmar_Cover_Schnéi