Mäi Biller-Lexikon: Ech ka schonn zielen – VERGRAFF

Wéi ziels de vun eent bis zéng?
Wat ass méi a wat ass manner?
Wien ass Éischten a wien ass Zweeten?

“Ech ka schonn zielen” ass eng flott Aféierung an dʼWelt vun den Zuelen, mat de passende Bezeechnungen op Lëtzebuergesch.

D’Buch gehéiert zu der Rei “Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon”, déi am Original vu Ravensburger ass a vu Kremart iwwersat gouf. Se ass fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer, mee och méi grousser hunn domat hir Freed. D’Serie vermëttelt deene jonke Lieser Wierder a Wëssen an dat op eng spilleresch Aart a Weis:
• mat groussen an eendeitege Biller,
• mat kuerzen an einfachen Texter,
• mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Ech ka schonn zielen
Illustratioun an Text: Doris Rübel – Iwwersetzung: Kremart Edition
Vivi Kremart, Lëtzebuerg 2021. An Italie gedréckt.
Format 18 x 20 cm, mat Spiralbindung a ville Klappen.
ISBN 978-2-919781-33-1, 16 Säiten, 12 Euro

An dëser Serie si bis ewell erauskomm:

Mäi Biller-Lexikon: Wou d’Déiere wunnen
Mäi Biller-Lexikon: Ech ka schonn zielen
Mäi Biller-Lexikon: D’Joreszäiten
Piraten: E Sticker-Buch mat méi wéi 300 Pechbiller (méi e grousst Format)
Mäi Biller-Lexikon: Meng Welt (leider scho vergraff)