Den Elmar an de Kaddo

D’Tatta Tzidoni krut vum Bopa Eldo e Kaddo fir den Elmar, mee elo weess si net méi, wat et war a wou e läit. Dem Tzidoni säi Gediechtnes léisst heiansdo no an et héiert och net méi esou gutt, dofir maache sech den Elmar an d’Tzidoni zesummen op d’Sich nom Bopa Eldo, fir dee verluerene Kaddo erëmzefannen …

An der leschter Geschicht vum faarweg karéierten Elefant, déi den David McKee (1936–2022) nach viru sengem Doud geschriwwen a gemoolt huet, geet et ëm Léift, Gedold a Respekt an der Famill (mat Bléck op Theeme wéi Alzheimer oder Demenz).

David McKee
Den Elmar an de Kaddo

ISBN 978-2-919781-47-8 • 30 Säiten • 12,95 €

 

Zäitgläich mat der Elmar-Geschicht kënnt och d’Handpoppebuch “Schlof gutt, Elmar eraus. A fir béid Bicher ze feieren, kréien d’Librairien Elmar-Pousteren an Dir kritt do Elmar-Stickeren (esoulaang wéi der op Stock sinn).

Dës Elmar-Geschichte sinn nach ze kréien (se hunn all 32 Säiten a kaschten 12,95 Euro:)

Den Elmar, ISBN 978-99959-830-7-9
Den Elmar an d’Course, ISBN 978-99959-39-27-4
Den Elmar an dee Friemen, ISBN 978-99959-39-86-1

Den Elmar an de Super El, ISBN 978-99959-39-28-1
Den Elmar an de Päiperlek, ISBN 978-99959-39-85-4
Den Elmar an de Reebou, ISBN 978-99959-39-87-8

Den Elmar an d’Walen, ISBN 978-99959-39-25-0
Den Elmar an dee grousse Vugel, ISBN 978-99959-39-24-3
Den Elmar an d’Iwwerschwemmung, ISBN 978-99959-39-26-7

Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar!, ISBN 978-99959-39-88-5
Den Elmar geet trëppelen, ISBN 978-99959-39-89-2
Den Elmar an de verluerene Schatz, ISBN 978-2-919781-25-6

An da gëtt et nach en extrat Buch, dat d’Form vun engem Elefant huet:
Mäin Elmar (ISBN 978-99959-39-39-7, 10 Säiten a just 12 Euro)