Den Elmar an dee Friemen

D’Popularitéit vum faarweg karéierten Elefant Elmar hëlt – zum Glcék – net of, wat sécher och domat ze dinn huet, datt den Elmar ëmmer gutt drop ass a seng Aventuren dacks e wäertvolle Message transportéieren. Dat ass an der neier Geschicht „Den Elmar an dee Friemen“ och net anescht.

Gëtt et en Ënnerscheed tëscht hopsen a sprangen? D’Känguru mengt, do géif et ee ginn, bis den Elmar him seet, datt dat eent grad esou gutt ass wéi dat anert.

An dëser Geschicht daucht also en neit Déier am Elmar senger Welt op, eent, dat gären hopst a spréngt – an dat zimlech sécher direkt an d’Häerzer vun de Kanner …

Wéi all déi aner Elmar-Geschichte gouf och dës vum Luc Marteling iwwersat.

David McKee
Den Elmar an dee Friemen
ISBN 978-99959-39-86-1
12,95 Euro