D’Legend vum hellegen Niklos – VERGRAFF

Wie war den hellegen Niklos? De bekannten däitsche Pater Anselm Grün stellt eis e vir! Flott a lieweg geet hien op déi Legenden an, déi vum hellegen Niklos erzielt ginn: d’Geschicht vun den dräi Goldstécker, d’Kärewonner vu Myra, d’Rettung vun de Matrousen a vun engem Jong, deen, esou gouf geduecht, erdronk war. Illustréiert ginn déi eenzel Episode vum renomméierten italieneschen Zeechner Giuliano Ferri.

D’Christine Marx-Heck huet d’Buch aus dem däitschen Herder-Verlag iwwersat. De Luc Marteling huet nach 6 Säiten iwwer de Kleeschen zu Lëtzebuerg dru gehaang.

Léiert dat spannend Liewe vum hellegen Niklos kennen a gitt gewuer, wéi hien als Zinniklos respektiv als Kleeschen op Lëtzebuerg komm ass a bis haut do gefeiert a veréiert gëtt.

 

D’Legend vum hellegen Niklos
Text: Anselm Grün
Zeechnungen: Giuliano Ferri
Iwwersetzung: Christine Marx-Heck
32 Säiten, 14,99 Euro
ISBN 978-99959-39-78-6