D’Buch mam Zuch – NEIOPLO

Wéi „D’Buch mam Zuch“ 2015 fir d’éischt op Lëtzebuergesch erauskomm ass, war et eng kleng Sensatioun: Et war e richtegt „Spill-Buch“, dat en Heedespaass versprach huet. An deenen décke Säite vum Buch waren nämlech Bunne fir eng Lokomotiv integréiert an och eng kleng rout Lokomotiv, fir opzezéien, gouf mam Buch geliwwert.

Deementspriechend séier war et vergraff. 2019 war d’Zuchbuch an 2. Oplo do, ma och déi war am Nu fort. Elo ass endlech déi 3. Oplo ze kréien, och déi Kéier nees mat e sëllegen Ersatzlokomotiven, fir de Fall wou …

“D’Buch mam Zuch” ass e Buch aus décke Säiten, doran integréiert e Schinne-Puzzle an eng flénk rout Lokomotiv. De Clou: Déi véier Themebunne kann een eraushuelen a wéi e Puzzle zesummesetzen, dann entsteet eng Panoramapist vun 160 cm, iwwer déi een d’Lok ka jauwe loossen.

BUCHmamZUCH_2

An der Stad an iwwer Land, an de Bierger an a Muséeën: Zich fueren iwwerall an op esou eng Rees mat vill Informatioun an Ofwiesselung hëlt „D’Buch mam Zuch“ déi jonk Lieserinnen a Lieser mat. Si kënnen d’Lokomotiv, déi beim Buch derbäi ass, opzéien an duerch véier verschidde Landschafte ditze loossen – mat kuerzen Texter op Lëtzebuergesch.

D’Buch mam Zuch
ISBN 978-99959-39-30-4
24,50 Euro

Vivi_Kremart_Logo_horiz_big

„D’Buch mam Zuch“ ass dat éischt Buch vu „Vivi Kremart“, dem Label fir „Spill-Bicher“ a Spiller vu Kremart Edition.

 

Cover_Buch-Zuch

Iwweregens: De Präis vum Buch huet zanter 2015 net geännert!

 

BUCHmamZUCH_3

Déi 1. Oplo 2015 war och an engem Kleesercherskatalog dran:

BUCHmamZUCH_Katalog1