Béischten

Dir wëllt wëssen, wou a wéini de Jemp Schuster aus sengem Roman “Béischten” liest? Kuckt hei!

Kromburg oder Kromber ass en Éisleker Duerf, dat sech net vill vun aneren Dierfer ënnerscheet. Déi Kromber Béischte kommen engem kënneg vir. Wat déi Al mat vill Schweess iwwer Generatiounen zesummegekraazt hunn, dat mussen déi Jonk versuergen a weiderginn. Do bleift net vill Plaz fir Dreem a grouss Gefiller. Hannert de Mauere vun de gewäissten Haiser geschéie Saachen, déi keen dobaussen eppes uginn.

Wéi d’Preisen d’Duerf an d’Land besetzen, traut kee méi deem aneren. De Felix Drengler gëtt agezunn. Seng jonk Fra Anni erwaart e Kand vun em. D’Milli léiert säi Papp ni kennen. De Felix bleift vermësst.

1945, d’Duerf ass nom Krich am Opbau, verschwënnt de Leo, e Bouf vun 13 Joer. Och deen daucht net méi op. Eenzel Leit am Duerf schéngen awer méi ze wëssen, wéi se soen. Iwwert de Felix an iwwert de Leo.

D’Duerfgespréich gëtt esou schlëmm, datt d’Anni et net méi doheem aushält.

Den 100,7 iwwer de Roman “Béischten”

D’Béischten am RTL-Podcast “Lecture vun heiheem”

De Jemp Schuster am “No Art on Air” vun RTL Télé Lëtzebuerg

D’Rezensioun am “Wort” : “Wann een deem anere säin Däiwel ass …”
Mam Schlusssaz “als Lecture onbedéngt ze recommandéieren!” (kuckt ganz ënnen op dëser Säit).

D’Rezensioun am “Tageblatt”: “Näischt ass, wéi et schéngt”.

Den Auteur Jemp Schuster (1948) ass mat all Zorte Béischten, där mat véier an där mat zwee Been, um Duerf opgewuess, just an där Zäit, wou dëse Roman och spillt. Zu Kromber, dat a Wierklechkeet anescht heescht, geschéien an de Joren 1942 bis 1949 Saachen, déi déi Betraffen am léifsten ënnert dee berüümten Teppech géife kieren. Well awer a kenger Bauerestuff en Teppech läit, gëtt dat alles nach vill méi déif vergruewen. Den Auteur geet hannert d’Diere lauschteren an duerch d’Schlëssellächer luussen, fir eppes méi gewuer ze ginn an doraus dës Geschicht ze spannen.

Andréck vun der Buchpresentatioun zu Helleng beim Camille Kerger

De Jemp Schuster, den 29. Februar 1948 op engem Sonndeg gebuer, ass bekannt als fräischafenden Acteur, Auteur a Regisseur. En huet Theaterstécker geschriwwe fir Kanner an Erwuessener a Kabaräsprogrammer. 2020–2021 huet e bei der Imprimerie Centrale mat »Bluttsëffer« an »Ouereschlëffer« eng Familljesaga an zwee Deeler erausbruecht, déi am Norde vum Land spillt. »Bluttsëffer« ass mam Lëtzebuerger Buchpräis 2021 ausgezeechent ginn a stoung op der Shortlëscht vum Servais-Präis.

Mat sengem neie Roman »Béischten« bleift de Jemp Schuster der ländlecher Regioun trei. 2015 ass an der Serie
Smart Kremart seng Kuerzgeschicht »13, Waassergaass« erauskomm.

Jemp Schuster
Béischten – Roman
© Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2023
Lektorat: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-2-919781-64-5
368 Säiten, 25 Euro