Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Wou d’Déiere wunnen

Firwat bauen d’Villercher Näschter?
Wou wunnt d’Kaweechelchen?
Wie wunnt am Buedem?

Deen neie Biller-Lexikon “Wou d’Déiere wunnen” vu Vivi Kremart ass en Ausfluch an d’Welt vun den Déieren, mat de passende Bezeechnungen op Lëtzebuergesch. E Biller-Lexikon fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer, awer och méi grousser hunn nach vill Freed mat dëser Serie.

“Wou d’Déiere wunnen” ass am Original bei Ravensburger erauskomm (Originaltitel: Wieso? Weshalb? Warum? junior: Wo die Tiere wohnen) a gouf vu Kremart op Lëtzebuergesch iwwersat.

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Wou d’Déiere wunnen
Illustratioun an Text: Anne Möller · Iwwersetzung: Kremart Edition
Vivi Kremart, Lëtzebuerg 2022. An Italie gedréckt.
ISBN 978-2-919781-34-8, 16 Säiten, 12 Euro

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis:
• mat groussen an eendeitege Biller,
• mat kuerzen an einfachen Texter,
• mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Wat eis Serie “Wat? Wéi? Wou? auszeechent:
• Faarweg, praktesch, informativ
• Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen
• Mat bequeemer Spiralbindung

An dëser Serie si bis ewell erauskomm:

Mäi Biller-Lexikon: Wou d’Déiere wunnen
Mäi Biller-Lexikon: Ech ka schonn zielen
Mäi Biller-Lexikon: D’Joreszäiten
Piraten: E Sticker-Buch mat méi wéi 300 Pechbiller (méi e grousst Format)
Mäi Biller-Lexikon: Meng Welt (leider scho vergraff)