De Schusch an de Bier

Nom Succès vum Buch „De Schudder-Schusch” (vergraff) hei eng nei Geschicht, déi sech fir en oppent Zesummeliewe staark mécht.

De räiche Bier keeft sech eng schick Hiel an de Knubberdulles-Bierger. Awer hien traut sengen neien Noperen net: Déi wëlle sécher seng Sue klauen! Vläicht ass et besser, hie baut eng Mauer ronderëm säin Haus. Ma du begéint de Bier de Schusch, dee sech wonnert, firwat de Bier an engem Prisong sëtzt …

D’Geschicht vum SaBine Büchner an dem Charlotte Habersack huet de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat.

SaBine Büchner, Charlotte Habersack
De Schusch an de Bier
Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2019
ISBN 978-99959-39-97-7,  28 Säiten, 12,99 Euro